Héije Besuch virun OuschterenStaatssekretär vum Vatikan zu Lëtzebuerg

Jeannot Ries
Den Dag e Mëttwoch stoung zum groussen Deel am Zeeche vu politesche Gespréicher mam Premier Xavier Bettel an dem Ausseminister Jean Asselborn.
Staatssekretär vum Vatikan zu Lëtzebuerg
Den Dag e Mëttwoch stoung zum groussen Deel am Zeeche vu politesche Gespréicher mam Premier Xavier Bettel an den Ausseminister Jean Asselborn.

Et ass eng Première. Kuerz virun Ouschteren ass mam Kardinol Pietro Parolin, den zweet Rang-héchste Member vun der Kathoulescher Kierch op offizieller Visitt hei am Land.

De Pietro Parolin ass zanter Oktober 2013 Staatssekretär a steet domat un der Spëtzt vun der Regierung vum Vatikan. An anere Wierder, deen 68 Joer alen Italieener ass d’Nummer 2 vun der Kathoulescher Kierch un der Säit vum Poopst François.

“Et ass deen éischten, deen hei hi kënnt ouni de Poopst. Dat war den eenzege Staatssekretär vum Vatikan, dee bis elo op Lëtzebuerg komm war. Dat ass en Zeeche vu Frëndschaft. En Zeeche vu Vertrauen. Datt mer kënnen och iwwer d’Relatiounen tëscht dem Vatikan, der Kierch an dem Lëtzebuerger Staat echangéieren. An dat maache mer op eng ganz reegelméisseg an éierlech Basis,” sou de Premier Xavier Bettel.

Iwwer d’Gespréicher eraus huet sech de Premier bei herrlechem Fréijoerswieder Zäit geholl, sengem Homolog d’Stad ze weisen. Vum Lëtzebuerg City Museum, iwwer d’Corniche, bis an d’Méchelskierch. De Pietro Parolin koum matten an der Ouschterzäit mat engem Message op Lëtzebuerg.

“C’est le message de la paix. De la paix et de la contribution que les catholiques doivent donner à l’édification de la paix partout. Dans son propre pays. Et en collaborant avec toutes les bonnes initiatives dans le monde. Aujourd’hui nous savons que la paix est très en danger. Alors on doit vraiment prier et euvrer pour la paix.”

E Mëttwoch am Nomëtteg stoung dunn d’aussepolitesch Aktualitéit am Mëttelpunkt, wéi sech de Staatssekretär vum Vatikan an de Jean Asselborn wärend ronn enger Stonn gesinn hunn. Den Ausseminister war just zeréck vu Bréissel, wou Finnland jo der NATO bäigetrueden ass.

“E war ganz intresséiert, de Premierminister, ech mengen et kann ee jo esou soen, un eiser Siicht vu wat an der Ukrain geschitt. Wat d’Positioun ass vu Russland, déi mer jo kennen. A wéi een eng Kéier kéint zu engem Enn kommen. An ech hunn him dat widderholl, een ëmmer do muss widderhuelen: Dat ass, de Putin kéint an enger Stonn soen, dee Krich do ass eriwwer. Hien ass deen eenzegen, deen dat kéint maachen.”

De Jean Asselborn huet drun erënnert, dat och de Vatikan sech fir Friddensgespréicher abrénge wollt. Ouni Chance. Wëll dat beim Putin op daf Ouere gestouss ass.

Back to Top
CIM LOGO