
Ënner anerem dat ass aus dem Regierungsrot vun e Freideg zeréckzebehalen. Den entspriechende Gesetzprojet krut de Feu vert. Déi viregt Regierung hat geplangt, den Avantage en nature bei alle Societéitsautoen ofzeänneren.
Domat wier et fir d’Salariéë generell manner attraktiv, e Firmewon am Leasing ze huelen, hat sech de Secteur beklot. D’Regierung argumentéiert bei dësem Changement, datt een d’Transitioun bei d’Elektromobilitéit wéilt virun dreiwen.
Um Méindeg de Moie reagéiert d’House of Automobile a begréisst, dass et des Verlängerung gëtt. Allerdéngs bedauere sech, dass Plugin-Hybrid-Autoe vum steierlechen Avantage ausgeschloss sinn. Déi Autoe géifen awer eng wichteg Roll an der Transitiounsphas spillen, virun allem fir déi Leit, déi net déi néideg Infrastrukturen hunn, fir en Elektroauto opzelueden.