Méi Service um ClientSteierverwaltung ka vun haut un iwwert e spezielle Formulaire kontaktéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Froen, déi een der Steierverwaltung stelle wëll, ginn da vun engem nei-geschaafte "Contact center" traitéiert.
© RTL-Grafik

An enger éischter Phas riicht sech dës Offer just u Leit, déi hei am Land wunnen. An den nächste Méint kommen Net-Residenten an Entreprisen derbäi. Domat soll nieft dem Telefon, dem direkten Accueil an de Steierbüroen an der Plattform Myguichet e weidere Moyen geschaaft ginn, fir mat der Verwaltung ze kommunizéieren. Iwwert dëse Formulaire soll een dann zum Beispill och eng ganz Rei Certificaten an Dokumenter kënnen ufroen.

Zejoert hunn déi eenzel Steierbüroe bis zu 370.000 E-Maile kritt a sinn an der Moyenne eng 7.800 Mol de Mount ugeruff ginn. Den neie Formulaire fënnt een um Site vun der Steierverwaltung op acd.lu.

Liest hei de Communiqué vun der Steierverwaltung an dem Finanzministère

Back to Top
CIM LOGO