Budgetskontrollkommissioun iwwer Large-Scale-TestingStéphanie Weydert reprochéiert Franz Fayot Interessekonflikt

RTL Lëtzebuerg
Reprochéiert kritt de President vun der Budgetskontrollkommissioun, am Kader vum Spezialrapport iwwert de Large-Scale-Testing net neutral ze sinn.
RTL-Archivbild
RTL-Archivbild

Stéphanie Weydert reprochéiert Franz Fayot Interessekonflikt / Rep.: M. Sinner

“Franz Fayot überschreitet seine Kompetenzen.” Sou den Titel vum Communiqué vun der CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert. Si werft dem fréieren LSAP-Minister an haitege President vun der Budgetskontrollkommissioun an der Chamber vir, net neutral ze sinn, mee am Kader vum Spezialrapport vun der Cour des Comptes iwwert de Large-Scale-Testing seng Parteikolleegin Paulette Lenert ze verdeedegen.

D’Stéphanie Weydert ass formell: “Den Här Fayot huet hei manifestement en Interessekonflikt. Hie steet hei engersäits als fréiere Member vun där Regierung an en plus vun der nämmlechter Parteifaarf wéi déi fréier Gesondheetsministesch. An esou wéi mir déi Saachen deiten, schléisse se dorops, datt en eppes wëll cachéieren a wëll verharmlosen, wéi d’Saachen ofgelaf sinn.”

Dobäi ass de Rapport vun der Cour des Comptes public, et kann also jiddereen e liesen. D’Budgetskontrollkommissioun hat e Méinden d’Stéphanie Weydert zesumme mat der Sam Tanson vun déi Gréng als Co-Rapportrice fir den Dossier Large-Scale-Testing nominéiert. De Franz Fayot hat e Méinden och proposéiert, et soll een en Debat public zum Sujet maachen. Ma virun zwou Wochen no der éischter Reunioun mat der Cour des Comptes hat hien effektiv wéi e fréiere Minister geschwat:

“Mir hunn deemools gehandelt no beschte Wëssen, wéi een ëmgeet mat esou enger Pandemie.”
Ee Feeler? Hie kéint eben net Abstraktioun maache vu sengen Erfarungen als Minister an der Pandemie. “Dee Rapport do hu mer offen diskutéiert. Do konnt jidderee soen, wat e wollt an der Reunioun, wéi och dono bei der Press an ech gesi wierklech beim beschte Wëllen net, wou do e Conflit d’Intérêt wär.”

Hei géif versicht, de Rapport vun der Cour des Comptes politesch z’instrumentaliséieren: “Ech géif hir och roden, de Ball flaach ze halen, als Championne toutes catégories vun de Conflits d’Intérêten.” D’Stéphanie Weydert hat selwer missen als Presidentin vun der Caritas-Spezialkommissioun zrécktrieden, wéinst engem Interessekonflikt. Genee esou wéi hire Parteikolleeg Laurent Zeimet.

Liest hei den offizielle Pressecommuniqué vum Stéphanie Weydert

Back to Top
CIM LOGO