Aus dem PolicebulletinSträit tëscht Koppel op Parking, Mann randaléiert a Café

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne goufen der Police eng Partie Leit gemellt, déi wéinst opfällegen an alkoholiséierten Zoustänn fir Ierger gesuergt hunn.
© RTL Archiv

Alleguerten d’Leit, déi vun der Police ugetraff goufen, hunn eng Gefor fir sech selwer an aner Leit duergestallt a koume fir auszeniichteren an Arrest.

Sou gouf zum Beispill an der Nuecht op e Sonndeg e Sträit vun enger Koppel op enger Parkplaz zu Féiz gemellt. Béid Persoune waren offensichtlech alkoholiséiert. Et koum zu enger verbaler, dono souguer zu enger kierperlecher Ausernanersetzung tëscht engem Mann an enger Fra. Wéi et heescht, wollt d’Fra de Mann dovunner ofhalen, alkoholiséiert Auto ze fueren. Bei der Kontroll huet de Mann sech de Beamten géigeniwwer aggressiv verhalen a koum no enger medezinescher Ënnersichung an Arrest. Hie gouf ënnert anerem wéinst sengem Verhalen an Amtsbeleidegung protokolléiert.

An der Nuecht op e Sonndeg war d’Police dann och an der Grand-Rue zu Ettelbréck ënnerwee, dat well et an engem Café ze haart hiergaangen ass. Hei sinn d’Beamten op e Mann gestouss, deen, obwuel en ogefuerdert gouf, d’Gebai ze verloossen, dëst net gemaach huet an déi aner Clienten belästegt huet. Och hie koum an Arrest an huet sech dobäi aggressiv an onkooperativ verhalen. De Mann hat och eng kleng Quantitéit Cannabis op sech.

Back to Top
CIM LOGO