CGDIS a PoliceSträit zu Wolz a Cyclist tëscht Äischen a Stengefort ugestouss

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt 2 Blesséierter vun en Donneschdeg den Owend géint 10 Auer bei enger Ausernanersetzung zu Wolz - Grond war wuel e Bezéiungssträit.

Zu Befort op der Héicht vun der "Moulin de Haller" gouf e Vëlosfuerer bei engem Accident uerg blesséiert, schreift d'Police. 2 Cycliste ware vun Haler a Richtung Beefort ënnerwee, wéi hinnen an enger schaarfer Kéier no riets e Liwwerwon entgéint koum. D'Vëlosfuerer hätten net mam Géigeverkéier gerechent a gebremst, woubäi ee vun deenen 2 d'Kontroll iwwert säi Vëlo verluer huet, op d'Géigespuer geroden ass a frontal an d'Camionnette gerannt ass. De Mann gouf schwéier blesséiert mam Helikopter an d'Spidol bruecht. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.

Zu Steesel gouf et en Donneschdeg den Owend 3 Blesséierter. An der rue Paul Eyschen sinn en Bus an en Auto anenee geknuppt. Wéi d'Police um Freide Moie präziséiert, hätt de Chauffer vum Auto, deen ënner Alkoholafloss stoung, d'Virfaart ignoréiert. De Bus hätt den Auto ze faasse kritt, wouduerch dee géint d'Fassade vun engem Méifamilljenhaus geschleidert gouf. De Chauffer vum Auto an ee Passagéier vum Bus koumen an d'Spidol, dem Buschauffer ass näischt geschitt. Dem Autoschauffer säi Führerschäin war fort.

Zwee Blesséierter gouf et bei der Kollisioun vun zwee Autoen um Boulevard Jean Ulveling an der Stad.

An op der N10 zu Waasserbëlleg sinn e Motorrad an en Auto net laanschteneen komm. Eng Persoun gouf verwonnt.

Um Freideg de Moie sinn zu Colmer-Bierg an der Lëtzebuergerstrooss en Auto an e Camion net laanschtenee komm. 2 Persoune goufe blesséiert.

Dernieft mellt de CGDIS eng Partie Bränn, wou et beim Materialschued bliwwen ass. Sou z.B. géint 23.15 Auer zu Elleng an der route d'Erpeldange. Hei hat e Gaardenhaische Feier gefaangen. D'Pompjeeë vun Munneref an Duelem hu geläscht.

© CGDIS

D'Police mellt e Schwéier- an ee Liichtverwonnte vun en Donneschdeg den Owend géint 10 Auer bei enger Ausernanersetzung zu Wolz - Grond war e Bezéiungssträit. An der Rue des Sport koum et zu engem Sträit tëscht 2 Männer, Stéchwaffe goufen agesat. De Rettungsdéngscht wéi och en Dokter an d'Police sinn op d'Plaz komm. Béid Männer, déi am Coup waren, si fir eng medezinesch Behandlung an d'Spidol komm. De Parquet vun Dikrech huet iwwerdeems d'Festnam vum Mann ordonéiert, vun deem de Sträit ausgaange war, an d'Spueresécherung vun der Police op d'Plaz geschéckt, fir de Virfall ze analyséieren.

3 Persoune goufen an der Nuecht vun en Donneschden op e Freide vun der Police erwëscht, wéi se ënner Alkoholafloss oder ze héijer Vitesse gefuer sinn. Ee Motorradsfuerer, deen ze vill gedronk hat, gouf liicht blesséiert wéi en an der Dieswee-Strooss zu Esch en Trottoir ze packe krut. De Führerschäin war op der Plaz fort.

Bei enger Vitesskontroll zu Hollerech ass kuerz virun 2 Auer nuets en Auto mat 117 Km/h am Plaz mat 70 gefuer komm. D'Fra hannert dem Steier hat keng Assurance fir d'Gefier. De Führerschäin gouf agezunn.

A géint 4 Auer an der Nuecht ass eng Autosfuererin opgefall, déi zu Esch onsécher gefuer ass. Si wier e bëssen duerchernee gewiescht, hätt och ze vill Alkohol am Blutt gehat a krut e Protokoll.

Um Freideg de Mëtteg huet de CGDIS nach zwee weider Tëschefäll gemellt. Op der Bollenduerfer-Bréck ass an der Mëttegstonn e Motocyclist gefall ass a blesséiert gouf.

Tëschent Äischen a Stengefort ass e Cyclist géint 4 Auer am Nomëtteg vun engem Auto ugestouss ginn. Do war den Helikopter op der Plaz. An deem Kontext freet d'Police de Chauffer, deen zum Ament vum Accident op dem CR108 a Richtung Stengefort ënnerwee war, de bedeelegte Won gekräizt huet a méiglecherweis nëtzlech Informatiounen iwwer de Virgang vum Accident liwwere kéint, sech bei der Police vu Kapellen ze mellen, dat ënner der Nummer 244301000.

Back to Top
CIM LOGO