"Zanter Juli keng Done méi""Stroossen-Englen" leiden ënnert der Caritas-Affär

Monique Kater
D'Caritas-Affär huet uerg Auswierkungen op déi benevole Aarbecht vun den ASBLen, déi am soziale Beräich engagéiert sinn.
"Zanter Juli keng Done méi", sou d'Stroossen-Englen
D’Caritas-Affär huet uerg Auswierkungen op déi benevole Aarbecht vun den ASBLen, déi am soziale Beräich engagéiert sinn.

Dat soen d’Stroossen-Englen, déi zanter 7 Joer mat Camionnetten uechter d’Land ënnerwee sinn, fir Liewensmëttel auszedeelen. Wéinst deem wat bei der Caritas geschitt wier, géifen d’Leit keng Done méi maachen.

“Well mir vum Staat keng fest finanziell Ënnerstëtzung kréien, si mir op Sponsoren an op Done vun de Leit ugewisen, a grad därer kommen an der Lescht keng méi eran”, dat seet de Jean-Luc Lauer, dee mat senge “Stroossen-Englen” a 5 Camionnetten all Dag uechter d’Land ënnerwee ass, fir sozial schwaache Matbierger Liewensmëttel heem ze bréngen.

D’Ursaach wier kloer de Vertrauensverloscht an d’Hëllefsorganisatiounen duerch d’Caritas-Affär. De ganze Secteur géing heiduerch en negativen Impakt kréien.

Back to Top
CIM LOGO