
D’Stad Skadovsk ass schonn zanter geschwënn 3 Joer besat. D’Fanny Kinsch huet mam Buergermeeschter vun der Stad geschwat, deen erkläert huet, wéi hie senge Leit aus der Distanz eraus hëlleft.
Den Oleksander Yakovlev gouf deemools eng Zäit vun der russescher Arméi agespaart an huet d’Stad kuerz drop misse verloossen. Quasi d’Hallschent vun den 18.000 Awunner vun der Stad si mëttlerweil geflücht. Fir déi déi bleiwe wier et geféierlech hir Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ze weisen, esou den Oleksander Yakovlev.
Nodeems Russland Skadovsk besat hätt, wiere Russen aus verschiddene Gebidder invitéiert ginn, dohinner wunnen ze kommen. Si géinge Wunnengen do kréien, eng gutt Pai a sech drop astellen, fir ëmmer do ze bleiwen. De Buergermeeschter gleeft awer weider drun, nees kënnen op Skadovsk zréck ze goen an d’Stad nees opzebauen. Um Dag vun der Vereedegung vum neien US-President seet hien, hie géing gär gleewen, datt den Donald Trump zu enger Léisung géing bäidroen, ma net alles, wat hie géing verspriechen, kéint ëmgesat ginn.
D’Situatioun kéint net an e puer Deeg geännert ginn, dat géing Zäit brauchen. An et misst groussen Drock op Russland gemaach ginn.
De Buergermeeschter Yakovlev schafft elo vu Lviv bei der polnescher Grenz aus. Hien hëlleft de Leit aus senger Stad a setzt sech ënnert anerem fir d’Rehabilitatioun vu Veteranen an. Dat wier e laange Wee an et wier wichteg, e kulturellen Encadrement z’offréieren, fir datt d’Zaldoten, déi am Krich schwéier blesséiert goufen an zum Deel och Kierperdeeler verluer hunn, nees zréck an d’Gesellschaft kommen. Fir Transporter op Concerten an aner kulturell Evenementer z’erméiglechen huet d’Gemeng Stroossen e Minibus gestëft.
“Dee Bus gëtt fir Projete benotzt, déi Veteranen ënnerstëtzen, net just zu Lviv, mee och an anere Regioune vun der Ukrain an e wäert och benotzt ginn, fir Leit z’ënnerstëtzen, déi vu Skadovsk kommen.”
Zanter November zejoert huet Stroossen eng Partnerschaft mat Skadovsk, grad wéi zwou weideren ukrainesche Stied, Boutcha an Lviv. Et hätt ee gefrot, wat géing gebraucht ginn, esou de Stroossener Buergermeeschter Nico Pündel.
“An dunn hu mer gesot, Ok, da kucke mer, datt der ee Minibus kritt. Mir haten do mat Hëllef vun der Autopolis, wann ee se ka soen, déi hunn nämlech och ee ganzen Deel bäigeluecht, hu mer do gesot, da spendéiere mer dee fir Skadovsk, déi Camionnette fir Boutcha, mat deene ware mer och, si mer och liéiert säit deem Dag, déi kréien dräi Frigoen zum Beispill, fir Spideeler, fir Vaccinen dranzeleeën.”
Als Gemeng wier een direkt am Ufank vum Krich mat der mënschlecher Dimensioun vun deem Konflikt confrontéiert ginn, well zwee Leit vu Stroossen dohinner gefuer wieren a Flüchtlinge mat zréckbruecht hätten, erzielt den Nico Pündel.
“Ob eemol hu mer gesot, Ok, all déi Staaten, Däitschland, Lëtzebuerg, Frankräich, déi spende Geld fir Waffen a mir hu gesot, do ginn et och Gemengen. An déi brauche ganz aner Saachen, wéi Waffen, déi brauchen Ënnerstëtzung, well si hunn d’ Leit, déi zréckkommen aus dem Krich, déi liewen am Krich, an dofir hu mer gesot, komm mer maachen eis Aktioun ‘Gemengen hëllefe Gemengen’an dofir hu mir eis op d’Gemenge fokusséiert.”
Et géing een elo an den nächste Wochen a Méint no an no kucken, wat d’Partnergemenge géinge brauchen a wéi een als Stroossener Gemeng kéint hëllefen.