Basar vun der Croix-RougeSue fir eenzel Servicer, déi déi finanziell Moyenne brauchen

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend ass et déi 78.Editioun vum Croix-Rouge-Bazar.
Croix-Rouge-Bazar um Glacis
D’Suen, déi erakommen, ginn un eenzel Servicer, déi déi finanziell Ënnerstëtzung dréngend brauchen.

Eng 16 verschidde Verkafsstänn ginn et ënnert dem Zelt um Glacis. Op ass um Sonndeg vu moies 10 bis owes 6 Auer. Um Samschdegmoie war d’Grande-Duchesse Maria Teresa laanscht kucke komm. Um 1.Advent kënnt de Kleeschen. Eng Kéier um 11 an eng Kéier um 15 Auer.

Bal 300.000 Euro koumen d’lescht Joer beim Bazar eran. Suen, déi fir déi eenzel Servicer vum Roude Kräiz gebraucht ginn. Dëst Joer ginn d’Servicer, déi sech ëm déi Jonk këmmeren, finanziell ënnerstëtzt. Iwwer 300 Benevoller hëllefen all Joers um Croix-Rouge-Bazar.

Back to Top
CIM LOGO