Initiative devoir de vigilance"Suergfaltsfliicht am Finanzsecteur, och a puncto Mënscherechter"

RTL Lëtzebuerg
Ze vill Leit géinge weltwäit nach a Sklaven-änlechen Zoustänn schaffen, zu deenen eis Liwwerkette géinge bäidroen.
Jean-Louis Zeien
Jean-Louis Zeien
© RTL-Archiv

Dat seet de Jean-Louis Zeien vun der Initiative devoir de vigilance.

Besonnesch de Finanzsecteur wier net genuch reguléiert, fir datt Mënscherechtsverletzungen ënnerbonne ginn. Eng Ëmfro vun TNS-Ilres weist, datt och d’Leit hei am Land domat d’Accord wieren, wann et zu méi enger strenger Kontroll op dësem Niveau kéim.

Dat d’Initiative devoir de vigilance sech besonnesch op de Finanzsecteur hei am Land fokusséiert, huet e Grond, wéi d’Antoniya Argirova vun der Initiativ fir d’Suergfaltsfliicht betount.

“Well mir e Risk feststellen, datt dëse Secteur vun enger Obligatioun fir eng Suergfaltsfliicht um Niveau vun de Mënscherechter ausgeschloss gëtt. Dat souwuel op nationalem, wéi och op europäeschem Niveau. Fir Lëtzebuerg géing dat bedeiten, datt de gréisste wirtschaftleche Secteur vum Land net obligéiert wier, Mënscherechter am Kader vu sengen Aktivitéiten ze respektéieren.”

Fir de Finanzsecteur sollen déi selwecht Spillreegele gëlle, wéi fir déi aner Secteuren. D’Propositioun de Direktiv vun der EU vum Februar iwwert déi mënscherechtlech Suergfallsfliicht schléisst de Finanzsecteur awer als Risikosecteur aus. Géing d’Propositioun, esou wéi se elo ass, applizéiert ginn, wiere just Entreprisen aus dem Finanzsecteur concernéiert, mat iwwer 500 Mataarbechter an engem Ëmsaz vun iwwer 150 Milliounen Euro weltwäit.

“Wann ee sech dann d’Lëscht vum Statec ukuckt, da géinge just 15 Entreprisen zu Lëtzebuerg aus dem Finanzsecteur drënner falen. Dat heescht, dat si Grimmele vun Entreprisen, déi eigentlech just géingen dorënner falen. Well de Schwellewäert vu 500 Employéeën einfach ze héich ass.”

Dofir ass d’Fuerderung vun der Initiativ, datt och kleng a mëttel Entreprisë souwéi Risikosecteuren, wéi de Finanzacteur mussen dozou bäidroen, datt d’Mënscherechter weltwäit respektéiert ginn. Eng weider Obligatioun soll ginn, datt muss wärend der ganzer Lafdauer vun engem Kredit gekuckt ginn, wat mam Geld passéiert. De Jean-Louis Zeien freet d’Regierung, sech op europäeschem Niveau fir eng Verbesserung vun der europäescher Proposition de directive anzesetzen.

“A mat ze kucken, datt et séier virugeet. Wa sech awer géing ofzeechnen, datt et europawäit net virugeet, da muss een och national kucken, virunzekommen.”

D’Initiativ fir Suergfaltsfliicht wëll dofir institutionell Acteuren aus dem Finanzsecteur mobiliséieren. Also déi déi de Secteur och kontrolléieren a reguléieren. De Réckhalt aus der Bevëlkerung hu se wuel schonn, wéi d’Etüd mat 500 Leit vun der Ilres erginn huet. Hei goung et eben ëm Froen, ob ee méi eng staark Responsabilitéit vum Finanzsecteur am Bezuch op Mënscherechter wënscht. Mat wäit iwwer 80 Prozent goufen dës Froe positiv beäntwert.

Et misst een elo laangfristeg no vir kucken, seet de Jean-Louis Zeien:

“Datt mir sollen hei zu Lëtzebuerg eng Pionéierroll iwwerhuelen. Net nëmme bei Nohaltegkeet, mee och, wat Respekt vu Mënscherechter bei Finanzaktivitéiten ubelaangt.”

Esou kéint Lëtzebuerg sech dann d’Moyene ginn, fir e Centre d’excellence an deem Beräich ze ginn. Bis elo hätten awer eréischt 3 vun 22 Acteure vun der Finanzplaz Mënscherechter an hire Gouvernance Dokumenter ernimmen. Dat op fräiwëlleger Basis.

Dëst géing natierlech net duergoen, sou d’Initiativ fir d’Suergfaltsfliicht weider. D’Banken hätten sech jo schonn dozou verflicht, Kontrollen ze maachen, wat de Blanchiment oder de Finanzement vun terroristeschen Aktivitéiten ugeet. Elo soll d’Aktiounsfeld méiglechst séier méi grouss ginn, andeems och de Respekt vun de Mënscherechter eng Roll soll spillen.

Back to Top
CIM LOGO