An anere Wierder: All d’Ressourcen, déi d’Weltpopulatioun op dësem Planéit hätt, wieren den 1. August schonn opgebraucht. Mat enger symbolescher Aktioun huet „Votum Klima“ op de Problem opmierksam gemaach.
D’Glanzleeschtung vum Grand-Duché gouf an d’Vitrinn gestallt. Um Sportsterrain um Geesseknäppchen hate sech knapp eng Dosen Aktiviste versammelt an eis invitéiert. Se hunn eng Course organiséiert, wou een als Roude Léiw verkleet war a Lëtzebuerg vertrueden huet. En anere Leefer war als Planéit duergestallt.
D‘Magali Paulus, Coordinatrice vu „Votum Klima“. „Eng Course, déi d’Joer am Fong representéiert, vum 1. Januar bis den 31. Dezember. Et war einfach déi Iddi: ok, wéi komme vum 1. Januar bis den 31. Dezember mat all de Ressourcen, déi do sinn, déi eise Planéit huet.“
De Roude Léiw ass um Circuit net iwwert den 20. Februar komm, deen Dag, wou de Grand-Duché theoretesch ufänkt méi ze verbrauchen, ewéi de Planéit proportional fir de Grand-Duché ka liwweren
„Mir gesi jo elo och vill déi Effekter, déi de Klimawandel huet, touchéiert zemools momentan vulnerabel Populatiounen, zemools de globale Süden a Länner am Fong, déi guer keng Responsabilitéit fir de Klimawandel hunn an ech mengen, dat muss een einfach erëm an den Equiliber sëtzen.“
Lëtzebuerg ass mat engem Overshoot Day um 20. Februar weltwäit nees op der 2. Plaz just hannert dem Qatar. Eng Sëlwermedail, iwwert déi een net houfreg brauch ze sinn. Quitt, datt Lëtzebuerg speziell ass, esou de Fréderic Meys vu Greenpeace.
“Le cas de Luxembourg est un peu particulier par rapport aux autres pays européens, car il y a une très grande mobilité frontalière. Donc il y a beaucoup de personnes qui vivent à l‘étranger mais qui viennent travailler au Luxembourg et donc ca a un impact assui sur la consommation du luxembourg. Et alors un autre element qui est vraiment majeur aussi, c‘est le tourisme à la pompe.“
Op internationalem Niveau ass d‘industriell Landwirtschaft eng vun den Haaptursaache fir d‘Ëmweltproblemer. Op nationalem Niveau ass et et virop de Konsum, deen net nohalteg genuch ass, souwuel um individuelle wéi och um systemeschen Niveau.