LUGASymbolesche Spuedestéch fir d'Luxembourg-Urban-Garden-Expo

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie war deen éischte symbolesche Spuedestéch an der Péitruss, fir d'LUGA-Expo ze lancéieren.
© Ville de Luxembourg_Tom Jungbluth

An der Péitruss goufen domadder d’Schantercher agelaut fir d’Installatioune vun der grousser urbaner Gaardenausstellung. Vum 7. Mee bis den 18. Oktober d’nächst Joer wäerte jo op e puer Plazen an der Stad awer och zu Ettelbréck an op anere Plazen an der Nordstad eng ganz Rei vun innovative Gaardeprojeten an artistesche Installatiounen d’Landschafte verschéineren.

Op der LUGA wäert den “Anti Gaspillage” vu Liewensmëttel groussgeschriwwe ginn. Déi ganz Ausstellung soll nohalteg a ekologesch sinn. D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer war och dobäi an huet erkläert, wat op der Plaz, wou de Spuedestéch war, fir Installatioune wäerte kommen.

LUGA-Expo: D'Stater Buergermeeschtesch iwwert d'Installatiounen an der Péitruss.
D’Lydie Polfer erkläert, wat een op dëser Plaz an der Haaptstad alles am Kader vun der LUGA wäert fannen.

Back to Top
CIM LOGO