Zu HielemTäter no Abroch a Camper gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Wéi den 113 e Freideg matdeelt, goufen d'Beamte vun der Police an de leschte Stonne méi dacks geruff, well an Autoen oder aner Gefierer agebrach gouf.
© RTL Archiv

D’Police nennt dann och e Beispill, an zwar zu Hielem. Hei sinn e puer Täter, wéi den 113 schreift, an der Lëtzebuerger Strooss an e Campingcar agebrach.

Bei enger Sich vun de Beamte konnten déi Verdächteg awer fonnt ginn. De Parquet, deen iwwer den Abroch informéiert gouf, huet ordonéiert, de Virfall an d’Donnéeë vun de presuméierten Täter opzehuelen an e Rapport un den Inneministère ze schreiwen.

D’Police rappeléiert an deem Kontext nach eng Kéier hir preventiv Rotschléi, fir sech géint Déifställ aus Autoen ze schützen.

Permis wéinst ze vill Alkohol agezunn

Donieft hat an der Nuecht op e Freideg en Automobilist an der Avenue de la Gare am Garer Quartier géint e Verkéierszeeche verstouss. Bei der Kontroll vum Chauffer ass de Polizisten e staarken Alkoholgeroch opgefall, wouropshin en Alkoholtest gemaach gouf, dee positiv ausgefall gouf. Wéinst dem héijen Alkoholtaux huet den Automobilist de Fürerschäi missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO