Ausseminister Jean AsselbornTemporär Protektioun fir 1.040 Leit aus der Ukrain accordéiert

Monica Camposeo
Ënnert méi wéi 4.000 Demanden fir eng temporär Protektioun sinn antëscht era gaangen. A 17 verschiddene Strukturen sinn d'Leit ënnerbruecht.
Temporär Protektioun fir 1.040 Leit aus der Ukrain
Ënnert méi wéi 4.000 Demanden fir eng temporär Protektioun sinn antëscht era gaangen. A 17 verschiddene Strukturen sinn d’Leit ënnerbruecht.

350 Leit aus der Ukrain hunn eleng an der leschter Woch eng Demande gemaach, fir hei am Land eng temporär Protektioun ze kréien. An de Woche virdru waren d’Zuelen nach 4-stelleg. Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn e Méindeg géintiwwer der Presse gesot.

Iwwer 4.000 Demanden hunn d’Immigratioun per Mail antëscht erreecht. Dovunner hätten 1.040 Leit d’Protection Temporaire accordéiert kritt, esou den Ausseminister Jean Asselborn. Déi Leit sinn a 17 verschidde Strukturen ënnerbruecht.

Temporär Protektioun fir 1.040 Ukrainer

Déi 17 Strukturen si gréisstendeels Hoteller, iwwer d’ganzt Land verdeelt. Den Ausseminister Jean Asselborn präziséiert nach, dass bal 90 Prozent vun de Leit déi ukrainesch Staatsbiergerschaft hunn. Ma och déi aner Persounen, déi an der Ukrain gelieft hunn an hu misse flüchten, kënnen hei am Land Schutz kréien. Fir den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wier et awer onkloer, wisou dës Leit net zeréck an - Zitat - “hiert” Land kënne goen.

An der zoustänneger Chamberkommissioun huet hien den Ausseminister gefrot, wéi vill Leit dat betrëfft. Ronn 11 Prozent vun de Leit, déi aus der Ukrain heihinner geflücht sinn, hunn net déi ukrainesch Staatsbiergerschaft. Wat op 4.000 Leit, déi hei ukomm sinn, eng 400 Leit ergëtt. Der ADR no misst gekuckt ginn, wien wierklech misst heibleiwen, well e Schutz brauch, a wien an en anert Land kann zeréck goen. Mir hätten hei e Plaz-Problem, esou de Fernand Kartheiser, dass wa Leit a séchere Konditioune kënnen an hir Heemechtslänner zeréck goen, da misste si dat maachen.

Wa Leit wëllen an hiert Hierkonftsland zeréckgoen, da géing d’Immigratioun dobäi hëllefen, äntwert den Ausseminister Jean Asselborn:

Hien hätt sech zu Bréissel selwer dofir agesat, dass et net op der Grenz zu Europa zu der negativer Situatioun komm wier, dass Opgrond vun der Nationalitéit oder der Hautfaarf oder soss Krittäre wéi der Relioun gesot gi wier, wien erakënnt a wien net. “Dat gëtt et net”, huet den Ausseminister betount. Zu Lëtzebuerg géing jiddereen nämmlecht behandelt ginn.

Reaktiounen aus der Oppositioun
Ënnert méi wéi 4.000 Demanden fir eng temporär Protektioun sinn antëscht era gaangen. A 17 verschiddene Strukturen sinn d’Leit ënnerbruecht.

Fir der grousser Demande kënne gerecht ze ginn, goufe beim Nationale Büro fir Opnam, dem ONA, eng 40 nei Leit rekrutéiert. Den Ament wier ee mat de Kapazitéiten allgemeng gutt opgestallt. Beim Primo-Accueil sinn awer schonn eng 80 Prozent vun de Better beluecht. D’Deputéiert vun Déi Lénk Nathalie Oberweis begréisst dann, dass och privat Initiativë fir d’Opnam ënnerstëtzt ginn.

Déi Lénk géinge sech awer wënschen, dass dat bei anere Flüchtlingskrisen esou gewiescht wier. Et géing een elo een Haaptënnerscheed mierken, nämlech deen, dass immens vill Privatleit Persounen, déi hu misse flüchten, ophuelen. Et wier dann och déi éischte Kéier, dass de Ministère esou Initiativë wierklech kloer ënnerstëtzt.

Privat Acteuren hätte soss éischter d’Gefill gehat, dass hinne Steng an de Wee geluecht ginn. Déi aktuell Approche sollt dofir och fir d’Zukunft bäibehale ginn.

Konkret Ënnerstëtzung fir déi Gemengen, déi gréisser Flüchtlingsstrukturen opgemaach hunn, freet dann d’CSV. A méi séier Prozedure fir disponibel Haiser fir Flüchtlinge prett ze maachen, esou d’ CSV Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen. Jidderee géif säi Bescht maachen, mee et wär schwiereg, och wéinst de ville Covid-Ausfäll, esou d’Explikatioun vum Ausseminister op der Pressekonferenz.

Den Ament géing awer och no Léisunge gesicht ginn, fir d’Leit méi laangfristeg kënnen ënnerzebréngen. Dofir soll zum Beispill och de Centre de Traductions um Kierchbierg amenagéiert ginn. D’Zil wier et awer ganz kloer, fir d’Leit aus de grousse Strukturen, déi éischter fir de Primo-Accueil déngen, eraus ze kréien. D’CSV-Deputéiert Martine Hansen huet, wat de Logement ugeet, och op d’Betreiung an de Familljen higewisen, och wat eng psychologesch Berodung ugeet.

Den Ausseminister Jean Asselborn huet och erkläert, dass jiddereen, deen aus der Ukrain op Lëtzebuerg kënnt, an d’Stater Maison Médicale am Val Fleuri ka goen. Dat onofhängeg dovunner, ob ee Pabeieren oder eng Krankeversécherung huet. Do bréicht ee näischt ze bezuelen, dat géing nämlech vun der Santé bezuelt ginn. Wann d’Leit da bis déi temporär Protektioun hunn, da gëtt déi medezinesch Versuergung vum Büro fir Opnam, dem ONA, iwwerholl.

Back to Top
CIM LOGO