Zanter Mëtt Oktober ass am CHL e provisoreschen zweete PET-Scan a Betrib. Doduerch kënnen e puer Tester fir den Depistage vum Kriibs pro Dag méi gemaach ginn. Ma de provisoreschen Apparat soll virun allem dee bis ewell eenzeg anere Positronen-Emissiounen-Tomograf-Scan am Land entlaaschten, deen dëst Joer schonn e puer Mol en Panne gefall war.
An engem Camion am Haff vun der Klinik steet deen neien Apparat. En ass mat engem gehëtzten Zelt mam Spidol verbonnen. Dëse PET-Scan huet déi nämmlecht Kapazitéit, wéi dee fixen Apparat, wéi de Grégory Gaudillot vum CHL erkläert. Mä, “on ne peut pas faire autant que dans une structure en dur et définitive. Nous avons moins de cabines d’injections. Donc nous pouvons prendre à la fois deux patients en charge, pas plus que cela, alors que dans un autre environnement définitif on aura trois, quatre, cinq cabines, ce qui permet d’avoir un meilleur turnover.”
Obwuel op der neier Maschinn 15 Patienten den Dag hiren Depistage gemaach kréien, kommen am ganze fënnef Patienten den Dag méi drun. Den éischten Apparat, esou de Grégory Gaudillot, war iwwert seng Kapazitéit ausgelaascht an ass dowéinst ëmmer nees ausgefall. Do ginn also manner Tester gemaach. An et geet besser.
“Depuis le début de l’année avant l’installation du camion nous avons eu en moyenne deux jours de panne de notre 1er pet, avec des annulations de patients, jusqu’à 60 donc c’était vraiment des pannes très problématiques. Et depuis l’installation de ce camion on eu sur un mois seulement 3 heures de pannes et cinq patients qui ont dû être reprogrammés.”
Ma de PET-Scan am Camion ass just eng Iwwergangsléisung, well zanter 2019 geet d’Zuel vun den Tester immens an d’Luucht. “Nous avons une augmentation très significative, 77% de plus, donc c’est vraiment important”. Vu Januar bis September goufen dëst Joer schonn iwwer 6.500 Tester gemaach.
Den Apdikter Grégory Gaudillot gesäit zweeërlee Facteure fir déi Augmentatioun. “On a de plus en plus de demandes pour diagnostiquer ces cancers. Et ce qui a aussi évolué, c’est l’arrivée en 2021 d’un nouveau médicament, d’un nouveau radio-traceur, le gallium, qui permet de diagnostiquer deux nouveaux types de cancers, les tumeurs neuro-endocrines et les cancers de la protestate.”
En zweeten definitiven Apparat, fir d’Test-Kapazitéit ze hiewen, ass och schonn vun der Chamber accordéiert. E soll am éischten Trimester d’nächst Joer installéiert ginn.