
Géint 19 Auer war et en Accident tëscht Rouderssen a Maarnech, wou e Motocyclist mat senger Maschinn gefall war. Hei gouf et ee Blesséierten.
Géint 19.25 sinn tëscht Munneref an Elleng-Gare en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonn.
Géint 19.40 Auer huet zu Keel an der Rue de la Montée en Auto gebrannt.
Kuerz virun Hallefnuecht huet et op der A7 a Richtung Stad gerabbelt, dëst am Tunnel Grouft. Zwee Autoe waren dora verwéckelt. Et blouf awer beim Materialschued.