
Op enger Lëscht vun nëmmen dräi Kandidaten, déi zeréckbehale goufen, huet den aktuellen nationalen CSV-Caissier déi beschte Chancen, d’Course ze maachen. Dëse Vott ass en Donneschdeg an der Chamber um leschten Dag vun der Sessioun. Den Thierry Schuman ass 64 Joer al an huet seng ganz berufflech Karriär bei der Generalbank, respektiv der BGL BNP Paribas gemaach, wou hien am Exekutiv-Kommitee ass.
Den CSV-Politiker huet e Master an der Psycho a gouf 2020 als Kopleschter Buergermeeschter vereedegt. E Mandat, fir dat sech am Splitting mam lokale Koalitiounspartner vun der DP gëeenegt gi war. Den Thierry Schuman ass zanter 2011 am Kopleschter Conseil a gouf bei de leschte Walen op de Buergermeeschterstull zréckgewielt.
Am Staatsrot dréint de personelle Karussell dann nach nom Summer weider: Mam Christophe Schiltz muss den aktuelle Vizepresident an der héijer Institutioun duerch en anere Conseiller ersat ginn, well den Diplomat Ambassadeur zu Roum gëtt.