Haut um 20 Auer: De Kloertext mam Jean-Claude Juncker a Jean Asselborn"Ouni Rechtsstaat an Europa si mir e Vull fir d’Kaz!"

Caroline Mart
Fir den Ofschloss vum Joer maache mir am Kloertext de Réckbléck vun der grousser nationaler an internationaler politescher Aktualitéit.
Kloertext vum Jean-Claude Juncker a Jean Asselborn.
Elo Donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

“Mir kënnt et drop un, aus patriotesche Grënn fir de Rechtsstaat an Europa anzetrieden, well wann et deen net méi gëtt, da si mir e Vull fir d’Kaz” , seet de Jean–Claude Juncker am leschte Kloertext vun 2025, an deem hien zesumme mam fréieren Ausseminister Jean Asselborn de Bilan vun engem turbulente Joer zitt: national, europäesch an international.

“Et gëtt dee Westen am Fong net méi, wéi mir e kannt hunn”, seet de Jean Asselborn. D’Amerikaner hätten ons scho laang fale gelooss a si kéimen och net méi zeréck. Déi nei Sécherheetsstrategie vun der US-Regierung ass och fir de Jean-Claude Juncker immens simplistesch, mee ëmsou méi kloer: “D’Amerikaner wëlle rëm dat gi nn,wat se fréier waren, nämlech Meeschter vun der Welt, awer des Kéier a klorer Oppositioun zu de fundamentale Wäerter vun den Europäer.”

Dofir misst Europa zesummestoen a sech net weider dividéiere loossen, well genee dat géingen net just d’Amerikaner, mee grad esou d’Russen an d’Chinesen ausnotzen. Déi eenzeg Stäerkt wier zesummen ze stoen a sech net gewäerden ze loossen.

D’Weltuerdnung wier eng aner mat Gefore vu baussen a vu bannen, virop duerch déi rietsextreem Parteien, woubäi de fréieren EU-Kommissiounspresident och de Wieler d’Verantwortung gëtt. D’Leit selwer wieren och Schold drun, dass déi Rietsextreem viru marschéieren!

Wat déi national Politik betrëfft, sou hu béid fréier Spëtzepolitiker d’Hoffnung, dass de Sozialdialog nees klappt an de Marc Spautz als Aarbechtsminister déi richteg Wiel ass. D’Steierreform hätt e grousse Käschtepunkt, sou de Jean-Claude Juncker. De laangjärege Finanzminister gleeft net un d’"Trickle Down Economics”, duerch déi esou eng Reform sech vum selwe finanzéiert.

Bei der Pensiounsreform géingen d’Zuele fir sech schwätzen: “Et muss ee jo d’Zuele kucken, esou vill Pensionären, souvill Aktiver, héich Pensiounen, méi héich wéi soss iergendwou. Dass dat op Dauer net ka goen, läit op der Hand, dat muss een acceptéieren, et muss een eng Asiicht hunn, dass dat net kann opgoen.” D’Reform géing net wäit genuch goen, fir dass et klappt, missten awer och d’Gewerkschaften “en Imaginatiounseffort maachen, dee grouss genuch ass, fir dass mir zu enger Pensiounsreform kommen, déi d’Strooss hält!”

Déi ganz Diskussioun géing och vill méi déif goen. Wäit iwwert d’Pensiounen eraus geet et ëm onse Wuesstemsmodell.

Rendez-vous haut den Owend um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, op RTL Play an op RTL.lu.


Eis Invitéen:

Jean-Claude Juncker
Fréiere Premierminister

Jean Asselborn
Fréieren Ausseminister

Back to Top
CIM LOGO