Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!Tourismus-Campagne 2024 gouf presentéiert

Pit Everling
Christophe Hochard
Op der Plëss kann een de ganze Weekend iwwer d'Touristendestinatioun Lëtzebuerg entdecken.
Lëtzebuerger Tourismus-Campagne 2024 gouf presentéiert
D’Pandemie hätt bewierkt, datt Lëtzebuerg als Outdoor-Destinatioun nach méi bekannt gouf.

Tourismus-Campagne 2024 gouf presentéiert

Mat der Touristesaison 2023 hätt ee sech definitiv vun den Abousse wéinst der Pandemie erholl. Et goufen 3,4 Milliounen Iwwernuechtungen an domat 10 Prozent méi ewéi 2019.

“Besonnesch erfreelech ass hei, datt ronn 60 Prozent vun den auslännesche Visiteuren, déi 2022 an och 2023 op Lëtzebuerg koumen, nach ni virdrun hei am Grand-Duché Vakanz gemaach hunn”, esou den delegéierten DP-Tourismusminister Eric Thill beim offizielle Lancement vun der Tourismus-Campagne.

“Déi Touristen, déi mer iwwert déi lescht Joren hei viséieren, leeën zanter der Pandemie nach méi Wäert op eng authentesch Offer, zum Beispill op insolitte Iwwernuechtungsméiglechkeeten, also generell op d’Qualitéit an net méi op Massentourismus.”

Bei méi wéi 70 Prozent vun den Iwwernuechtunge gouf an engem Hotel geschlof a méi wéi 40 Prozent dovu waren an der Stad. A 60 Prozent vun de Fäll hunn d’Touristen zu Lëtzebuerg am Kader vun enger Vakanz iwwernuecht. Dat soen d’Statistike vum Statec.

Nom Aktiv-Tourismus zejoert steet bei der Campagne dëst Joer de Kulturtourismus am Fokus. Et gouf eng Selektioun vun Evenementer a kulturellen touristesche Sitte gemaach.

“D’Beispiller heivu sinn ënnert anerem den Hiking Meets Local Food zu Munzen, de Koll-an-Aktioun-Festival um historesche Site vum Schifer-Musée zu Uewermaartel, de Festival BD zu Conter an och de Blues-and-Jazz-Rallye hei an der Stad.”

Wärend der Pandemie hunn d’Leit vun hei d’Vakanz heiheem entdeckt gehat. Mee wat ass haut nach vun deem Phenomen iwwereg? Esou d’Fro un de Sebastian Reddeker, Chef vu Luxembourg for Tourism.

“Nee, en ass net komplett fort. Ech mengen en huet sech op déi normal Mooss erëm reguléiert. Mee wat am Fong wichteg ass, ofgesinn vun de rengen Zuelen, ass datt mer awer gesinn, datt vill Leit elo entretemps awer wëssen, wat et fir Schéinheeten hei am Land gëtt an datt d’Land attraktiv ass, fir och eng kuerz Vakanz ze maachen.”

D’Pandemie hätt bewierkt, datt Lëtzebuerg als Outdoor-Destinatioun nach méi bekannt gouf, esou de Sebastian Reddeker.

LINK: D’Schreiwes vum Ekonomiesministère

Back to Top
CIM LOGO