Um FindelTraditiounsbetrib "Check Inn" ass faillite, 11.000€ Loyer gi gefrot

Roy Grotz
Faillitte ginn et am Horeca-Secteur dagdeeglech, mee net all Dag leet en Traditiounsbetrib mat laanger Geschicht de Schlëssel ënnert den Teppech.
© Domingos Oliveira

Dat ass lo fir den Check Inn um Findel de Fall. Fir dëst Etablissement, dat iwwer Joerzéngten Bistro, Restaurant a Keller-Disko, gëtt no der Faillite e Repreneur gesicht.

De Präis fir d’Lokal ze lounen ass op eng 11.000 Euro de Mount festgesat. Wéi et an der Online-Annonce heescht, wier den Interieur vum Betrib eréischt viru Kuerzem frësch gemaach ginn.

Den Check Inn soll deemno, wann eng Reprise klappt, weider als Lokal an der Stater Peripherie erhale bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO