
Tragedie an den USA
Am US-Bundesstaat Maine gouf et en Amoklaf. Et soll op zwou verschiddene Plaze geschoss gi sinn. Rieds geet vun op mannst 18 Doudegen a ganz ville Blesséierten. De verdächtegen Täter ass e 40 Joer alen Amerikaner, dee wéinst psychesche Problemer a Behandlung war. Hien ass ëmmer nach op der Flucht.
Familljendrama zu Groussbus
E Mann soll seng eegen Elteren op engem Feldwee iwwerrannt hunn. Eng Persoun ass op der Plaz gestuerwen, eng weider ass am Spidol verscheet. De Bouf gouf wéinst Verdacht op Doudschlag festgeholl.
Kloertext
Brauche mir eng méi streng Flüchtlingspolitik? Dat war dësen Donneschdeg Sujet am Kloertext.
Eng nei Chamber
Sou wéi d’Verfassung et virgesäit, ass um drëtten Dënschdeg no de Chamberswalen déi nei Chamber beienee komm. 46 Deputéiert hunn do hiren Eed “Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir ma fonction avec intégrité, exactitude et impartialité” ofgeluecht.
Suspendéiert
Den Direkter vum Clierfer Lycée ass bis op Weideres fräigestallt, confirméiert den Educatiounsministère. Wat genee den Direkter soll gemaach hunn, gouf net kommunizéiert. Et goufen awer verschidden Elementer un de Parquet weiderginn an hei gouf eng Enquête opgemaach.
Gléck am Ongléck
E ganzt Joer laang kruten Automobilisten, déi däitlech ze séier ënnerwee waren oder iwwer Rout gefuer si keng Punkten ofgezunn. Dat wëll bei der Ännerung un enger informatescher Applikatioun e Feeler geschitt war. Opgeflu war dat ganzt just, well en éierleche Bierger sech gemellt hat, well e säi Protokoll bezuelt hat awer verwonnert war, dass ëm keng Punkte gefeelt hunn.
Ganz speziellen Trip
An den USA ass e Pilot als Passagéier am Cockpit mat geflunn, wéi hie bemol probéiert huet, de Fliger zum Ofstierzen ze bréngen. De Mann huet duerno erkläert, dass hie Magic Mushrooms consomméiert hat a méi wéi 40 Stonne wakereg war. Dat war wuel e ganz schlechten Trip mat Konsequenzen.