
Lëtzebuerg hätt zwee Drëttel vun de Recommandatiounen aus dem leschte Rapport ëmgesat oder entaméiert. Esou zum Beispill e besseren Accès fir juristesch Hëllef oder nach en Accès op offiziell Dokumenter.
Allerdéngs wier am Detail nach Aarbecht ze maachen, zum Beispill wieren d’Informatiounen am ëffentlechen Transparenz-Register fir d’Deputéiert net detailléiert genuch: Wat d‘Treffe mat Lobbyisten ugeet, steet bis elo just dran, mat wiem en Deputéierten e Rendez-vous huet, awer net firwat.
Kritik gouf et och um Informatiounsgesetz fir professionell Journalisten, well d’Gesetz kee konkreten Delai virgesäit, an deem d‘Verwaltunge mussen d‘Informatiounen erausginn. Gréisser Efforte misst een och bei der Digitalisatioun vun der Justiz maachen a liicht nobessere kéint een bei de Prozesser vun der Gesetzgebung, andeems d’Zivilgesellschaft méi agebonne géif.
An der Chamber gouf och d’Visitt vum Premier Friede bei sengem ungareschen Homolog thematiséiert, nodeems d’EU den Ungar jo politesch isoléiert huet. Wéi bewäert de Kommissär déi Lëtzebuerger Initiativ?
“Je crois qu’il est important de maintenir un dialogue. La commission a voulu marquer le coup, parce qu’ au début de la présidence hongroise, vous avez vu les initiatives hogroises totalement décalées par rapport à la position européenne dans le dossier ukrainien. Donc nous avons dit: ,nous ne participerons pas au conseils informels en Hongrie à travers des commissaires. Les services y ont été, mais pour le reste, nous continuons le travail”, erkläert den Didier Reynders.
D’Roll vun der Kommissioun wier do net ëmmer einfach, et misst een ënnerscheeden tëscht dem generelle Fonctionnement vun engem Staat, dee politesch bewäert gëtt, an eenzelen Dossieren, wou et duerchaus ka Fortschrëtter ginn.
Déi misst een dann och unerkennen, zum Beispill déi ungaresch Justizreform, firwat dann och en Deel vun de Sue fir Ungarn Enn 2023 deblockéiert goufen.
