De CGDIS melltUergen Accident tëscht Féiz a Biergem, eng Persoun am Auto ageklemmt

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS méi en uergt Accident e Sonndeg den Owend géint 20.30 Auer tëscht Féiz a Biergem.
© RTL-Archiv

Zwee Autoe krute sech dobäi frontal ze paken. Beim Accident sinn zwee Leit blesséiert ginn, eng Persoun war an hirem Gefier ageklemmt an huet fir d’éischt missen do erausgeholl ginn. D’Streck war fir den Asaz vun de Rettungsequippen eng Zäit laang ganz gespaart. Ënnert anerem war den Escher Samu op der Plaz.

Eng weider Kollisioun tëscht zwee Gefierer gouf et dann och scho géint 18.15 Auer, dat an der Rue du Pont zu Réimech. Hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO