Konsumenten hu sech beschwéiertULC kritiséiert dramatesch Präishaussen a fuerdert Steierupassungen

RTL Lëtzebuerg
An engem Schreiwes kritiséiert de Konsumenteschutz, dass et am Eenzelhandel a bei verschiddenen Déngschtleeschtungen nawell zu fatzegen Haussë komm wier.

Et ass der ULC net entgaangen, dass vill Betriber duerch d'Corona-Kris ferme Abousse gemaach hunn, d'Recettë sinn ausbliwwen. Dobäi kënnt, dass duerch déi nei Sécherheets- an Hygiènesmesurë vill Butteker hu misse sanitär Moossnamen ergräifen. Dat huet natierlech eppes kascht.

Et ass awer den Appell un den Eenzelhandel an un Déngschtleeschtungsbetriber d'Präisser a Moossen unzepassen oder wa méiglech drop ze verzichten, schliisslech wieren zeg Employéeë vum Chômage partiel betraff an hätte just nach 80% vun hirem Salaire. Onnéideg an net gerechtfäerdegt Haussë sollten dem Konsument do erspuert bleiwen an d'Corona-Kris net op hirem Bockel ausgedroe ginn. Besonnesch bei Liewensmëttel an aner Produite fir den deegleche Bedarf sollten net méi deier ginn.

Fir d'Kafkraaft ze stäerken an z'erhalen, fuerdert d'ULC ënner anerem eng automatesch Upassung vun der Steiertabell un den Inflatiounstaux, de Mëttelstandsbockel net weider ze belaaschten oder d'Steiere fir déi Leit mat engem Mindestloun z'erloossen.

PDF: Schreiwes vun der ULC.

Back to Top
CIM LOGO