A 6 Méint gëtt gewieltUm Neijoerschpatt vun der VDL huet ee gespuert, datt d'Wale méi no kommen

RTL Lëtzebuerg
Eng 4.300 Leit schaffe fir d'Stater Gemeng. Op hirer Receptioun huet een awer och Politiker begéint, déi sech den 11. Juni bei de Wale vill erwaarden.
Receptioun vun der Ville de Luxembourg
Eng 4.300 Leit schaffe fir d’Stater Gemeng. Op hirer Receptioun huet een awer och Politiker begéint, déi sech den 11. Juni bei de Wale vill erwaarden.

Den Neijoerschpatt vun der VDL - Rep. Claudia Kollwelter

Zenter 1970 also zënter 53 Joer stinn DP-Politiker un der Spëtzt vun der Stad. Fir d’Gemengewalen 2023 ginn déi Stater Liberal nei Weeër. Eng éischte Kéier triede si mat enger Duebeler-Spëtzt un, d’Lydie Polfer an de Patrick Goldschmidt sti ganz uewen um Stëmmziedel.

Klassesch konservativ mat just engem Spëtzekandidat geet d’CSV an d’Gemengewalen. Als Junior Partner an enger Koalitioun huet een et net ëmmer einfach. Bei de leschte Wale war d’Zil, fir eraus aus der Oppositioun ze kommen. Ma dëst Kéier wéilt ee stäerkste Partei ginn an de Buergermeeschter stellen, esou de Serge Wilmes.

Déi Stater Gréng ware mam Walkampf ganz fréi un. Als éischt Partei hu sinn Ugangs Juli hir Kandidate presentéiert. Si hu sech d’Zil gesat, datt de François Benoy deen nächste Stater Buergermeeschter gëtt.

D’LSAP sëtz net just op eng duebel Spëtzt, ma och op nei Gesiichter. D’Maxime Miltgen an de Gabriel Boisanté gi fir d’Sozialisten an d’Course. Haaptthema bei der LSAP wäert de Logement sinn. Nei Gesiichter géingen och nei Iddie bréngen, seet de Gabriel Boisanté.

No der Ouschtervakanz soll de Walkampf richteg lancéiert ginn, soen d’Parteien. Den 11. Juni gëtt dann an allen Gemenge gewielt.

Back to Top
CIM LOGO