
Déi Gréng, wëllen iwwerdeems “Gepokers” an e “Bluff” vun der Regierung erkannt hunn.
De Finanzminister huet méi Recetten, mee och gebremsten Depensen als Grond genannt, firwat de Budgetsdefizit däitlech méi niddreg wäert ausfalen, ewéi nach Ufanks dës Joers gefaart. Déi gréng Deputéiert Sam Tanson sot, Spuermesurë wiere keng do. De Rechnungshaff hätt dat confirméiert an eenzel Ministeren hätten och net wëllen oder kënne soen, wou se spueren. Déi eenzel Posten, wou Depensë gebremst ginn an déi de Gilles Roth opgezielt huet, huet d’Sam Tanson mat engem Stot verglach: “Ech spueren elo, andeems ech all déi Vakanze weidermaachen, déi ech bis elo gemaach hunn a mir soss och alles genau esou leeschten ewéi ëmmer a mir souguer eng nei Kichen abaue loossen. Mee dee Canapé, iwwert deen ech nogeduecht hunn, dee loossen ech sinn, well dee passt esou wisou net a mäi Salon eran”. D’Sam Tanson huet d’Ausso vum Gilles Roth “Kleinvieh macht auch Mist” vu Mäerz als “RTL-Fréijoersmärchen” bezeechent.
Och fir d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding wier kloer: D’Regierung géing d’Depensen ënnerschätzen. Genee ewéi d’Sam Tanson huet d’Taina Bofferding awer och festgestallt, datt d’Recettë vum Staat Ufanks ganz kuerzfristeg no Uewe korrigéiert goufen an d’Previsioune fir d’nächst Joren ze optimistesch wieren. D’selwecht, wat de Wirtschaftswuesstem ugeet. “Dobäi weess ee bei dëser Business-first-Regierung ni esou wierklech, ob et blannen Optimismus ass oder awer eng gewësse Strategie dohannert stécht, fir mat Hëllef vu schlechte Staatsfinanzen kënnen den Terrain ze preparéieren, fir da spéider kënne Spuermesuren ganz besonnesch am Sozialstaat virzehuelen”, sou d’Taina Bofferding.
Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup huet e Budgetsdefizit trotz Croissance kritiséiert a sech besonnesch op d’Croissance ageschoss, déi a sengen Ae fir manner Liewensqualitéit, méi Kriminalitéit, méi Verkéierschaos oder nach méi deier Wunnengspräisser verantwortlech wier: “De risege Problem mam onkontrolléierte Wuesstem, mat der Bevëlkerungsexplosioun, mat där grousser Immigratioun, déi een do huet, an all déi Problemer, déi mir am Fong hei hunn am Land, kommen dohier”. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen wollt déi Aussoen net esou stoe loossen: “Dat ass just eng reng Angschtmaacherei, ech kann domadder guer net d’accord sinn. A wann den Här Keup seet, datt Leit géinge wéinst der Sécherheet ëmdréinen, wa se op der Gare ukommen, da mengen ech éischter, datt se ëmdréinen, wa se esou en Discours héieren ewéi dee vum Här Keup.”
Um Donneschdeg reagéiert d’Regierung nach emol op all d’Remarken a Froen aus de Budgetsdebatten an duerno stëmmen d’Deputéiert iwwert de Budgetsprojet fir dëst Joer of. Genee ewéi d’LSAP, d’ADR an déi Gréng hunn d’Piraten an déi Lénk ugekënnegt, datt si dogéint wäerte stëmmen.