
Éischt Indicen deiten drop hin, datt et e Problem um Niveau vun engem Haapttransformator vun der Unitéit 4 géif ginn. Dat awer am Deel vun der Unitéit, déi “non nucléaire” ass, wéi de CGDIS schreift.
Weider heescht et, datt dësen Evenement keen Impakt op d’Sécherheet vum Atomkraaftwierk, vum Personal a vun der Ëmwelt huet.
Aktuell leeft nach just d’Unitéit 3 vum Kraaftwierk. D’Unitéiten 1 an 2 si wéinst Maintenanceaarbechten net um Reseau.