CGDISVegetatiounsbrand tëscht Léiweng a Beetebuerg, falschen Alarm zu Bouneweg

RTL Lëtzebuerg
D’Pompjeeë vu Beetebuerg, Réiser an Diddeleng waren e Méindeg am fréien Owend tëscht Léiweng a Beetebuerg gefuerdert.

Laanscht d’Nationalstrooss gouf et e Vegetatiounsbrand an engem Feld. Detailer leien eis net vir, mä et gouf keng Blesséierter, esou d’Informatioun vum CGDIS.

Géint 1.30 Auer goufen d’Pompjeeën dann nach wéinst engem Brand an d’Rue du Laboratoire geruff. Hei sollt e Bam brennen... et huet sech awer ëm e falschen Alarm gehandelt.

Back to Top
CIM LOGO