CGDISVéier Accidenter mat fënnef Blesséierten am Laf vum Freidegowend

RTL Lëtzebuerg
Vu kuerz virun 19 Auer un, bis kuerz virun Hallefnuecht, hunn d'Rettungsekippe vum CGDIS op véier Plazen uechter d'Land mussen ausrécken.

Sou zum Beispill um 18.42 Auer um CR364 tëschent Beefort a Bäerdref, wou en Auto mat engem Déier zesummegestouss ass. Dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. Eng Stonn méi spéit sinn op der RN07 tëschent Miersch an dem Rouscht zwee Autoen net laanschtenee komm, och hei zielt de CGDIS-Bulletin ee Blesséierten.

E weideren Accident mat engem Blesséierte gouf et an der Rue d’Ehlerange zu Esch. Kuerz drop war dann nach en Auto um CR176 tëschent dem Vesquenhaff an dem Roudenhaff accidentéiert. Hei goufen zwou Persoune blesséiert.

Am fréie Samschdegmoie koum et dann zu engem Accident op der A3 a Richtung Metz, bei deem en Auto géint eng Leitplank gerannt ass. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn.

Zweemol sinn d’Secouriste vum CGDIS dann och duerch den automateschen E-Call-Alarm aus zwee Gefierer alertéiert sinn. Emol um 9.17 um CR174 op der Héicht vun Déifferdeng a Richtung Hussigny an dann um 9.30 Auer an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch.

Back to Top
CIM LOGO