
Op der Streck tëscht Wecker a Bierg ass um 14.30 Auer e Motorrad mat engem Auto kollidéiert. Dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. De Rettungshelikopter ass op d‘Plaz geruff ginn.
Um 15.05 Auer waren et zu Déifferdeng an der Rue de Soleuvre zwee Ween, déi sech ze pake kruten. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Um 16.06 Auer ass op der Streck tëscht Wolz an der Kautebaach ee Motocyclist gefall. D’Persoun gouf derbäi verwonnt.