
E Méindeg goufen dem CGDIS dräi verschidden Accidenter gemellt. Kuerz virun 11:30 Auer war zu Ischpelt an der Strooss "Am Schlass" en Auto an e Bam gerannt. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Clierf waren op der Plaz, fir der blesséierter Persoun ze hëllefen.
Ee Blesséierte gouf et och ëm 16:26 Auer zu Esch an der Rue de Belval, wou sech een Auto an e Moto ze pake krut hunn. Zwou weider Persoune goufen dann nach um CR130 tëscht Allënster a Buerglënster verwonnt, nodeems en Auto géint 14 Auer an engem Gruef gelant war.
Nieft de Verkéiersaccidenter huet et dann nach op e puer Plaze gebrannt, woubäi jeeweils awer keng Persoun ze Schued komm ass. Zu Diddeleng war et an der Rue de Lauenburg ee Feier an engem Keller ginn, zu Bouneweg hat Offall gebrannt, zu Esch eng Poubelle an zu Hamm stoung géint hallwer Fënnef an der Rue de Bitburg nach een Auto a Flamen.