Op eise StroossenVéier Blesséierter bei zwee Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Zwee méi schwéier Accidenter mellt de CGDIS um Donneschdeg den Owend respektiv aus der Nuecht op e Freideg.

Op der Streck tëscht Schëndels a Koplescht krute sech géint 18.20 Auer en Donneschdeg zwee Autoen ze paken. Dobäi goufen dem Bulletin vum CGDIS no 3 Leit blesséiert. De Rettungshelikopter, war niewent de Secouriste vu Miersch, Mamer a Lëntgen am Asaz.

Kuerz no Hallefnuecht gouf et op der Diddelenger Autobunn am Grenzberäich och en Accident tëscht zwee Gefierer. Eng Persoun gouf blesséiert. D’Beetebuerger an Diddelenger Pompjeeë waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO