
E Samschdeg den Owend géint 18.20 Auer gouf et zu Colmer-Bierg an der Rue du Luxembourg en Accident tëscht dräi Autoen. Dobäi goufe véier Leit blesséiert. Ambulanze vu Lëntgen an aus der Nordstad waren am Asaz.
Ee weidere Blesséierte gouf et dann an der Nuecht kuerz virun 3 Auer, dat bei engem Accident op der Nordstrooss a Richtung Stad. Zum Accident koum et op der A7 tëscht den Autobunnstunnelle Grouft a Stafelter. Och hei war d’Ambulanz vu Lëntgen op der Plaz.
Am Laf vum Sonndegmoie gouf et dann nach dräi Accidenter op eise Stroossen. Sou zum Beispill um 6.10 Auer um CR326 tëschent Munzen a Maarnech an um 9.24 Auer an der Gäichel, wou all Kéiers e Gefier accidentéiert war. Op béide Plaze gouf et jeeweils ee Blesséierten.
Um 10.29 Auer gouf et dann nach eng Kollisioun tëschent zwee Gefierer op der A13 tëschent Altwis a Munneref, hei ass allerdéngs kee blesséiert ginn.