CGDISVéier Blesséierter no Accidenter e Mëttwochnomëtteg an en Donneschdegmoien

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochnomëtteg an en Donneschdegmoie koum et op e puer Plazen am Land zu Accidenter mat Blesséierten, esou de CGDIS a sengem Bulletin.

Sou zum Beispill zu Merscheet an der Duerfstrooss um 17.30 Auer e Mëttwoch, wou e Bus an e Mini-Bus aneneegerannt sinn. Kuerz drop krute sech dunn zu Leideleng zwee Autoen ze paken. A béide Fäll gouf jeeweils eng Persoun blesséiert.

Um 6.43 Auer en Donneschdegmoien war et op der RN03 tëschent Alzeng a Fréiseng en Auto, dee géint e Bam geknuppt ass. Och hei gouf et ee Blesséierten, ëm dee sech d’Rettungsekippen aus der Stad a vun Hesper gekëmmert hunn.

Um 8.51 Auer sinn op der A4 a Richtung Stad, op der Héicht vu Lankelz-Lalleng zwee Autoen aneneegerannt. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn. Am Asaz waren d’Secouriste vun Esch, Schëffleng a Suessem-Déifferdeng.

Back to Top
CIM LOGO