CGDISVéier Blesséierter no Accidenter en Donneschdegowend

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS hunn am Laf vun en Donneschdegowend op dräi Plaze mussen ausrécken.

Sou zum Beispill um 18.26 Auer um CR170 tëschent Schëffleng an Esch-Lalleng, wou sech zwee Autoen ze pake kruten. Zwou Persoune sinn hei blesséiert ginn, d’Ekippe vun Esch a Schëffleng waren op der Plaz.

Um 19.40 Auer war dunn eng Persoun an der Gilsdrëffer Strooss zu Dikrech ugestouss a blesséiert ginn. E weidere Blesséierte gouf et da kuerz no 21 Auer zu Déifferdeng an der Rue Emile Mark. Hei sinn zwee Autoen net laanschtenee komm.

Back to Top
CIM LOGO