
Béid Gefierer si frontal aneneegerannt. De Cyclist gouf mat uerge Blessuren an d’Spidol bruecht. Den Escher Samu war op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vun Esch a Rëmeleng an d’Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng.
D’N33 tëscht Esch a Rëmeleng gouf a béide Richtunge gespaart an de Verkéier gouf a Richtung Keel deviéiert.
De Procureur générale gouf informéiert.