Léiwer an d'Héicht, wéi an d'Breet bauenVerdichtung vun den Industriezone mam Pilotprojet "Triangle vert"

RTL Lëtzebuerg
De Betriber d‘Méiglechkeet ginn ze wuessen a wirtschaftlech Aktivitéitszonen ausbauen - dat sinn d'Prioritéite vum Pilotprojet "Triangle vert".
© Chris Meisch / RTL

Et soll de Betriber erméiglecht ginn op hirem Terrain an d‘Breed oder Héicht ze bauen, amplaz op engem neien Terrain ze bauen. Domat wëll een ënnert anerem dem Manktem u bebaubarem Terrain entgéint wierken.

Pilotprojet Triangle Vert / Rep. Chris Meisch

Well et e Manktem u bebaubaren Terrain gëtt, erfollegräich Betriber wëlle wuessen a gläichzäiteg esou mann wéi méiglech nei Fläche solle versigelt ginn, gëtt et de Pilotprojet “Triangle vert”. Betriber an den Industrie an Aktivitéitszonen sollen hir Gebaier jee no Aktivitéit entweder an d‘Héicht oder Breed dierfe vergréisseren. De Steve Reckel, President vum Pilotprojet “Triangle vert”.

“Fir eis ass et eebe wichteg, dass eeben de Plazmanktem, dee mir haut hunn, mir hunn absolut guer keng Méiglechkeet méi, fir nei Entreprisen dohinner ze kréien, mee awer och fir déi Entreprisen, déi do sinn,, fir dass déi sech kenne verbreeden, dat heescht sech ze developpéieren. Déi zweet Saach, déi fir mech immens wichteg ass: mir mierken ëmmer méi dass mir Logementsplazen benotzt gi fir Commercen oder fir Bürosraim an dass mir doduerch eeben duerch déi Densifikatioun d‘Méiglechkeet besteet dass si sech do usidelen an dann déi drëtt Saach sinn d‘Aarbechtsplazen, mir erhoffen eis domadder eng grouss plus-value fir eis Géigend.”

Op där enger Säit soll domat eng Verdichtung vum Bestand gemaach ginn an anerersäits wann aktuell Industriezone vergréissert ginn, sollen déi direkt no dem neie Prinzip amenagéiert ginn. Den Ekonomiesminister Lex Delles.

“Lëtzebuerg huet eng limitéiert Surface, wa mir méi op gréng Wise baue ginn, wat mir herno manner gréng Wisen hunn. Dat heescht Densifikatioun ass ee wichtege Volet, wa mir nach weider Aktivitéite wëllen zu Lëtzebuerg hunn, wou mir op der enger Säit méi séier kenne viru komme well mir scho Reseauen, Infrastrukturen, aner Saachen hunn, ka sinn dass déi mussen ausgebaut ginn, mee mir hunn se schonn, zweetens firwat sinn déi Syndicat intercommunaux gegrënnt ginn, ma fir d‘Aktivitéiten aus den Dierfer eraus ze kréie well do Leit ronderëm wunnen.”

Gemeng Schengen ass eng vun e puer, déi ewell beim Pilotprojet matmaachen. Duerch d‘Musel an d‘Wéngerte wier den Terrain wou Entreprise sech kéinten néierloosse relativ geréng, esou de Buergermeeschter a Vize-President vum Pilotprojet Michel Gloden.

“Aus dem Grond si mir natierlech ganz frou dass grad do wou den Triangle vert ass, wou eng Autobunn ass, wou eng exzellent Ubannung ass, wou eeben dann envisagéiert gëtt, eng Extensioun vum Zoning ze maachen, dass eebe grad do wäerten Aarbechtsplazen entstoen, an ech mengen dass grad dat fir eis Regioun immens wichteg ass.”

An enger éischter Phase gëtt de Projet nieft Schengen gëtt de Projet och zu Wolz ëmgesat.

Back to Top
CIM LOGO