Lëtzebuerger ArméiVereedegung vun 33 fräiwëllegen Zaldoten

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch hunn 33 fräiwëlleg Zaldoten hiert Verspriechen a Presenz vum Verdeedegungsminister François Bausch ofgeluecht.
© EMA

Dorënner 5 Zaldote mat portugisescher an 1 mat franséischer Nationalitéit. Dëst Evenement ass den offiziellen Ofschloss vun enger Grondausbildung, déi sech iwwert en Zäitraum vu 4 Méint gezunn huet.

Organiséiert gouf d'Zeremonie um Härebierg an engem reduzéierte Kader wéinst der Corona-Pandemie.

Back to Top
CIM LOGO