Avis vun der SalariatskammerVermëssen am Budget Mesuren, fir géint sozial Inegalitéite virzegoen

Fanny Kinsch
Et wier kee Spuerbudget, d'Chambre des salariés begréisst, datt d'Investissementer héich gehale géinge ginn an et keng Austeritéitspolitik gëtt.
© Envato Symbolbild

Dat soten déi Responsabel vun der Salariatskammer bei der Presentatioun vun hirem Avis zum Staatsbudget e Freideg. Et géing een awer Mesurë vermëssen, fir géint sozial Inegalitéiten an Aarmut virzegoen, sou d’CSL-Presidentin Nora Back.

“Dat ass awer schonn dee grousse Bemol, dee mer hunn, dass wierklech keng nei Akzenter gesat ginn op deenen dote Froen, déi eis wichteg sinn, an dass vläicht op där enger Säit, wann net gespuert gëtt, op där anerer Säit awer och net wierklech eppes passéiert, fir géint d’Inegalitéiten an d’Aarmut virzegoen, obwuel déi nei Regierung, Dir wësst et, soubal se am Amt war, gesot huet, dass dat eent vun hiren éischte Prioritéiten ass, gesäit een awer keng konkreet Moossnamen an déi Richtung.”

D’Salariatskammer erwaart sech e Plang, wéi d’Aarmut soll bekämpft ginn, sou hiren Direkter Sylvain Hoffmann.

“E seriöe Plang mat Objektiver och, chiffréierten Objektiver an Ziler, déi ee sech gëtt, fir wierklech déi Seuilen do oder déi Tauxen do erofzekréien, zumindest ënner den europäeschen Duerchschnëtt. Mä am Beschte misst Lëtzebuerg jo och do u sech Musterschüler ginn an deen nidderegsten Aarmutsrisikoen hunn am europäesche Verglach. Wann een dat kuckt, wat fir eng staark Wirtschaft mer awer hunn, da muss dat u sech d’Zil sinn, fir net do iergendwéi am Mëttelfeld ronderëm ze dümpelen.”

Dem Sylvain Hoffmann no géif et sech ëm en "Iwwergangsbudget" handelen
Ma spéitstens am Budget vum nächste Joer misste Mesuren annoncéiert ginn, fir d’Sozialpolitik auszebauen.

Kannergeld, Mindestloun, Revis a Mindestrent missten an d’Luucht goen an d’Elengerzéier steierlech entlaascht ginn. Wat d’Ëmweltpolitik ugeet, begréisst d’CSL, datt d’Investissementer eropgoe sollen, allerdéngs net laang genuch.

“Dat ass awer lo wierklech beonrouegend, dass do an deene leschte Jore vum Pluriannuel op eemol manner virgesinn ass un Depensë fir de PNEC zum Beispill, den nationalen Energie- a Klimaplang. Also entweeder ass dat elo wierklech e Problem, wa mer do virgesinn hunn, dass dat manner soll ginn, oder dee Pluriannuel ass wierklech de Pabeier net wäert, op deem drop steet, an et gëtt einfach iergendeppes emol drageschriwwen, well dat si jo dann nach dräi, véier Joren.”

D’Chambre des salariés erwaart sech eng ambitiéis Budgetspolitik, déi den Erausfuerderunge vun der Zäit gerecht géing ginn.

Back to Top
CIM LOGO