15% Gas sollen d’EU-Memberlänner an den nächste Méint aspueren. D’Regierung lancéiert am September eng national Energie-Spuer-Sensibiliséierungscampagne. Ob d’ëffentlech Hand, d’Entreprisen oder Stéit: jidderee soll an den nächste Méint hëllefen, Energie anzespueren. Ma fir dem Jean Clement säi Busbetrib dierft dat schwéier ginn.
Zanter 2018 huet Voyages Josy Clement een neie Sëtz zu Jonglënster. Dëse Siège gesäit net nëmme méi modern aus, mä erméiglecht et och duerch seng nei Infrastruktur, méi Energie ze spueren, betount de Patron Jean Clement.
Solarthermie a Fotovoltaik um Daach, eng Wäermepompel am Buedem an d’Bushal krut een extra-staarken Isolatiounsmantel. Kombinéiert mat der Reschtwäermt vun de Bussen, bleiwen am Wanter just nach 10-12 Deeg, wou muss bäigehëtzt ginn. Esou Ressourcë-schounend wéi méiglech, dat war dem Jean Clement säi Virsaz, wéi hien den neie Firme-Site 2016 geplangt huet.
„Fir d’éischt ass d’Hüll vun der Hal mat enger méi héijer Isolatiounskategorie versinn, wéi dat den industrielle Standard ass. Mir hunn uewen an der Spëtzt eng relativ grouss Kuppel, fir relativ vill Luucht eranzebréngen. D’ganz Beliichtung funktionéiert op LEDen. Et gëtt heibannen och kee Schalter, fir d’Luuchten alleguer mateneen unzemaachen, mä se kënne just Rei fir Rei ugemaach ginn. Deen eenzege Schalter ass, fir alles mateneen auszemaachen. Déi Isolatiounshüll bréngt et fäerdeg, dass mir hei an der Hal am Prinzip de Wanter duerch 10-11 Deeg maximal musse bäihëtzen, well d’Restwäermt, déi d’Busser mat era bréngen, duergeet, fir déi Hal hei komplett op Temperatur ze halen.”
Duerch Optiméierunge bei der Infrastruktur vu Voyages Clement hätt een et fäerdegbruecht, den Energieverbrauch ëm d’Hallschent erofzesetzen. Weider Energie ze spueren, géif dem Patron vu Voyages Clement no awer schwéier ginn:
„Eis Erspuernisser leie warscheinlech an deem Beräich, dass ma lues a lues eis Flott ëmstellen op Elektrogefierer. Dass ma nach Photovoltaik wëllen ausbauen, wou Projeten um Dësch leien, fir déi nach ze vergréisseren. Awer um Site selwer, respektiv un eise Gefierer nach 15% anzespueren, ech wéisst net, wou ma se sollen hierhuelen.”
Donieft huet de Betrib um Site nach eng Wäschanlag, déi mat Reewaasser funktionéiert. Do gëtt Waasser aus engem Reewaasserbassin geholl. Nodeems d’Busser gewäsch goufen, kënnen tëscht 70-80 Prozent vum Waasser nees recycléiert- an da beim nächsten Duerchgang nach eemol benotzt ginn. Doduerch gouf am Schouljoer 2021/2022 kee Liter Drénkwaasser fir d’Wäschanlaag benotzt.
Och beim Supermarché Match huet een an de leschte Jore schonn d’Käpp zesumme gestreckt, fir Energie ze spueren. Do gouf zum Beispill den Daach mat wäisser Faarf nei ugestrach. Dës wäiss Faarf ass keng gewéinlech Faarf, se besteet ënnert anerem aus dem Polver vun Austerschuelen a suergt dofir, datt d’Hëtzt vun der Sonn um Daach reflektéiert gëtt an domat d’Temperatur am Supermarché eng Differenz vu ronn 15 Grad zu der Baussentemperatur kritt. Domat wëll ee fir agreabel Temperaturen ouni Klimatisatioun suergen. Dat ass awer net déi eenzeg Mesure, déi geholl gouf, fir méi Energie ze spueren. D’Elise Mercier, Zoustänneg fir déi nohalteg Entwécklung am Betrib, erkläert:
„100% de nos mobiliers sur les rayons surgelés sont équipés de portes. Ces portes permettent une d’économie de 60% en matière de consommation d’énergie électrique. On a transformé toutes nos lumières magasins sur 100% LED et on pourra piloter la luminosité du rayon en fonction soit de la luminosité extérieure du magasin, soit en fonction des flux des clients dans le rayon, dès qu’un client va entrer dans un rayon, la lumière va s’intensifier.”
Zanter d’Tifküler alleguer Dieren hunn, brauche se 60% manner Elektresch, betount d’Elise Mercier. Och all d’Frigoen an Ausstellungsvitrinne sollen op Dauer mat Dieren ekipéiert ginn. De ganze Buttek gëtt bannena mat LED beliicht.
Beim Match gesäit een allerdéngs nach Energie- Aspuerpotential: zum Beispill mat Hëllef vun enger intelligenter Beliichtung, wou d’Luucht am Rayon eréischt da méi hell gëtt, wann e Client e betrëtt. Enn dës Joers soll de Pilotprojet zu Miersch ulafen. Bis Enn 2023 soll déi nei Beliichtungstechnik an alle Matchen a Smatchen uechtert d’Land ëmgesat ginn.