Police rifft zur Virsiicht opVerstäerkt Déifställ am ëffentlechen Transport an der Stad registréiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police warnt, datt an de leschte Woche verstäerkt Täschendéiwen am ëffentlechen Transport an der Stad ënnerwee sinn. Besonnesch den Tram wier betraff.
© Envato LightFieldStudios

Eng ganz Partie Volle wieren der Police signaliséiert ginn. D’Täter géingen dovunner profitéieren, datt vill Leit beienee sinn an net géingen oppassen. Dacks kréichen d’Affer deementspriechend guer net mat, datt se beklaut goufen.

D’Passagéier kréien an deem Kontext geroden, ganz gutt opzepassen.

Weider Informatiounen doriwwer, wéi Dir Iech virun Täschendéiwe kënnt schützen, fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO