
Botox sprëtzen, Fett ofsaugen oder Plasma injektéieren. D’Demande an d’Offer fir ästhetesch Medezin ass méi grouss ginn, och hei am Land. D’Autoritéite roden awer zu enger gewësser Virsiicht, well et Riske gëtt.
De Parquet an d’Santé hu fir déi nächst Woche verstäerkt Kontrollen annoncéiert. Et geet ëm d’ëffentlech Gesondheet.
Am Viséier vun den Autoritéite si verschidde Cabineten, déi esou ästhetesch Servicer ubidden. Ënner anerem gëtt kontrolléiert, datt déi entspriechend Akten och vu Persoune gemaach ginn, déi déi néideg Autorisatiounen hunn, fir zu Lëtzebuerg ze exerzéieren. Dernieft gëtt gekuckt, ob och déi néideg Certificaten an Diplomer virleien. D’Kontrolle gi vun der Police gemaach, zesumme mat Experte vun der Direction de la Santé. D’Visitte si spontan. Deemno wéi kënne Perquisitiounen nokommen.
Konkret gi Cabineten ënner d’Lupp geholl, an deenen Injektioune gemaach ginn, wou zum Beispill Botox, Hyaluron-Saier oder aner Produite gesprëtzt ginn. Och Praxissen, an deene Fett ofgesaugt a Lipolysë gemaach ginn, si viséiert, genee wéi Plazen, wou Patiente Plasma mat vill Placketten injektéiert kréien.
Wa Verstéiss festgestallt ginn, ka Material saiséiert ginn an deemno wéi kënnen an der Konsequenz penal Suitte kommen. Et bestéingen nämlech deemno wéi seriö gesondheetlech Risken, zum Beispill kéint et zu Infektioune kommen.
D’Aktioun vun den Autoritéite soll net just repressiv, mä och preventiv sinn. Et gëtt den Appell un de Public gemaach fir generell virsiichteg ze sinn, bei ästheeteschen Akten, déi invasiv gemaach ginn. Am Viraus soll een sech gutt informéieren, datt all déi néideg Autorisatioune virleien.