
Dat, well déi meteorologesch Situatioun op e potentielle Risiko vun Héichwaasser hindeit. D’Peegele klammen nämlech wéinst dem Reen, dee schonn erof koum respektiv deem, deen ee sech nach erwaarde kann. Betraff sinn haaptsächlech d’Uelzecht an d’Atert. Am Raum Ettelbréck ass eng “Cote de vigilance orange” net auszeschléissen.
Vun 13 Auer u gëllt och fir den Norde vum Land déi nämmlecht Warnung. Virun allem an de Gebitter laanscht d’Sauer gëtt et een Héichwaasserrisk. Um Peegel zu Dikrech kéint d’Cote de vigilance orange iwwerschratt ginn, wärend de Peegel zu Bollenduerf warscheinlech am giele Beräich bleift.
Fir d’Musel gëtt et aktuell keng Warnung.
All d’Neiegkeeten an déi néideg Informatioune fënnt een op inondations.lu