6 BlesséierterVill Accidenter um Méindeg den Owend, Rettungshelikopter huet zu Aasselbuer mussen an den Asaz

Andy Brücker
Tëscht 18 an 21:30 Auer huet et 5 mol op eise Stroosse gerabbelt.
© Luxembourg Air Rescue

Um 18 Auer ass op der N16 tëscht Elleng-Gare a Réimech en Automobilist mat sengem Auto bäigaangen. Eng Persoun gouf verwonnt.

20 Minutte méi spéit war et méi en uergen Accident zu Aasselbuer "Op der Strooss". Och an dësen Accident war just een Auto verwéckelt. Hei waren nieft de Pompjeeën an enger Ambulanz och de Rettungshelikopter an den Asaz geruff ginn. Eng Persoun ass blesséiert ginn.

Nach emol 20 Minutte méi spéit war et en Accident mat engem Blesséierten zu Lëntgen op der Haaptstrooss.

Um 19:23 Auer ass op der N11 tëscht Grolënster an Altréier en Auto bäigaangen. Och hei gouf ee blesséiert.

Géint 21:30 Auer war et dann nach en Accident mat zwee Gefierer op der A13 Richtung Péiteng, dat tëscht dem Beetebuerger Kräiz a Biereng. Bei dësem Accident gouf et zwee Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO