LuxExpo Open-Air ConcertenVerbessert Sécherheetskonzept, Preparatiounen an Timing

Pierre Jans
Katy Perry, Robbie Williams, Lenny Kravitz: dat sinn nëmmen e puer vun den internationale Top-Staren, déi Dir ganz geschwënn um Kierchbierg live ënnert fräiem Himmel kënnt gesinn an héieren.
LuxExpo Open-Air Concerten: Verbessert Sécherheetskonzept a Preparatiounen
Katy Perry, Robbie Williams, Lenny Kravitz: dat sinn nëmmen e puer vun den internationale Top-Staren, déi geschwënn um Kierchbierg optrieden

Um Parking vun der Luxexpo lafen déi lescht Preparatiounen, ier et e Mëttwoch dann op der ganz grousser Bün lassgeet mam Concert vun The Offspring. Och wann een et op den éischte Bléck net mierkt, de Site huet sech verännert par Rapport zu de leschte véier Joer.

D‘Sécherheet vun de Spectateuren huet iewescht Prioritéit bei esou groussen Evenementer. D‘Katastroph vu Crans-Montana huet dat Bewosstsinn geschäerft. Och d‘Ekipp vum Atelier huet sech nach eemol sécherheetstechnesch berode gelooss. Et goufe sëllege Simulatioune gemaach, sou de Michel Welter, Direkter vun "den Atelier":

„Evakuatiouns-Simulatiounen. Zesumme mat der Luxexpo hu mir dat ganzt Sécherheetskonzept iwwerschafft a verbessert. Dat konnte mir den Autoritéiten du virleeën a presentéieren. Verschidde Mesurë si geholl ginn. De Layout vum Site ass liicht verännert ginn. Ech mengen net, dass dat de Leit direkt opfält. Mä et sinn zum Beispill zwou nei Sorties de secours installéiert ginn.“

Lescht Handgrëff e Méindeg de Moie fir en neien Noutausgang riets nieft der Bün. De grousse Bar an der Mëtt vum Site ass méi no un d‘Fändelsstaange geréckelt, fir d‘Passagë riets a lénks méi breet ze maachen. D‘Bordurë ronderëm vereenzelt Beem goufen ofgebaut, fir dass keen driwwer fält. Kleng Mesuren, déi am Noutfall grouss Wierkung kënnen hunn.

© Pierre Jans

Gutt iwwer 100 Leit schaffen zanter enger Woch fläisseg fir den Opening e Mëttwoch den Owend. E Knachenjob – Literweis Sonnecrème wär verdeelt ginn, seet de Rahel Feidler vun der Produktiounsleedung:

„Jo, d‘Kollegen haten et schwéier. Et war ganz waarm. Et gouf probéiert, genuch Pausen ze maachen, genuch ze drénken an esou fréi ewéi méiglech unzefänke mat schaffen. Moies goung et nach, mee fir Mëtteg war et awer ganz ganz waarm. Mä mir hu misse schaffen an opbauen. Mir hunn Deadlines. A mir hunn eisen Zäitplang agehalen. Mir gi fäerdeg.“

An ouni medezinesch Tëschefäll wéinst der Hëtzt. Et si Profien um Wierk. Och bannenan. Eng wichteg Reunioun virun der Ouverture vun de siwe Luxexpo Open-Air Shows. Eng Concertsrei am Summer, déi fir den Organisateur ëmmer och mat finanzielle Risike verbonnen ass, sou de Michel Welter:

„D‘Meteo ass natierlech e Risikofacteur. Mä wann et esou gëtt wéi mir mengen, wann alles gutt iwwer d‘Bün geet, da gëtt et e ganz gutt Joer. Warscheinlech dat bescht. Mir hunn nach kee Concert ausverkaaft, awer bei zwee, dräi Concerte si mir ganz no drun. A mir hunn ee Concert méi.“

Natierlech, wann Top-Staren ewéi Katy Perry a Robbie Williams optrieden, ass all Concert en Highlight. Mä och den Direkter vum Atelier däerf jo seng perséinlech Favoritten hunn.

„Musikalesch gesinn, mengen ech gëtt et definitiv Gorillaz. Déi hu schonn am Ausland gespillt dës Saison. Zu Paräis zum Beispill. Ech war leider net do. Mä ech hunn Extraite gesinn. Dat gëtt sécherlech formidabel. Den Damon Albarn ass ee vun den – ech wëll bal soen – Genien, déi et aktuell an der Musekszeen ginn. Soss e klenge Bonbon ass Beirut an der Abtei Neimënster.“

Ee vu fënnef Open-Air-Concerten, déi den Atelier am Gronn organiséiert, deels parallel zu de Shows mat wäit iwwer 10.000 Leit hei um Parking vun der Luxexpo. D‘Motivatioun, déi ass kloer: The show must go on.

Back to Top
CIM LOGO