
Zënter dem 1. Januar 2022 muss een an der Gemeng Conter op ville Parkingen a laanscht der Strooss den Disque leeën oder eng Vignette Residentielle besetzen. Heimat wollt ee géint e Problem virgoen, deen et scho länger an der Gemeng gëtt. D’Awunner hu sech nämlech ëmmer erëm beschwéiert, dass se virun hirer eegener Hausdier oder am Duerf keng Parkplaz fannen, well dës dacks vun Net-Residente besat sinn, déi sech an der Gemeng parken, fir hei de Bus ze huelen an an d’Stad op d’Aarbecht ze fueren. Tatsächlech hate mir am November en Tour duerch Conter gemaach an op den ëffentleche Parkinge stounge vill Autoe mat auslännesche Placken.
Elo, annerhallwe Mount nom Aféiere vun der Vignette, huet d’Park-Situatioun sech schonn e gutt Stéck verbessert, sou d’Buergermeeschtesch vun der Gemeng Conter, d’Marion Zovilé-Braquet. Et hätt vill positive Retour gi vun Awunner, déi frou sinn, elo rëm an der Géigend vun hirem Doheem kënnen ze parken, am Plaz d’Kutsch oder d’Akeef ee kilometerwäit ze schleefen.
Ma et géif awer och Kritik ginn an et wieren elo scho Probleemer opgefall. Fir Awunner zum Beispill, déi mam Bus an d’Stad bei hiren Dokter fuere wëllen, ass den neie Parksystem net ideal, well si net onbedéngt innerhalb vun dräi Stonnen erëm sinn. Den Disque ass awer nëmme fir dräi Stonne Parking geduecht.
Dës Komplikatioune wëll een awer elo direkt behiewen. Sou soll am Mäerz dann nieft der Vignette Residentielle och eng Bus-Vignette an d’Spill kommen. Dës Vignette ass da speziell fir Awunner geduecht, déi sech op e Parking an der Gemeng stellen, fir da vun do aus mam Bus virun ze fueren. Mat dëser Vignette sollen d’Awunner da vill méi laang do parke kënnen. Dësen Atout gouf scho vum Gemengerot gestëmmt an d’Bus-Vignettë si prett. Et misst ee just nach op den Accord vum Ministère waarden, sou d’Buergermeeschtesch.

Fir dass de neie Park-System zu Conter dann och agehale gëtt, gouf fir d’Kontroll extra een Agent Municipale agestallt. Et gouf awer festgehalen, dass déi éischt zwee Méint keng Protokollen, mee just Avertissementer geschriwwe ginn. Heimat wéilt een de Leit eng Chance ginn, sech un déi nei Reegelen ze gewinnen.
Ma et schéngt awer, wéi wann eng Partie Leit heivunner profitéieren, sou d’Marion Zovilé-Braquet. “Mir hunn 30 bis 40 Avertissementer den Dag [...] A wann een an hiren Auto kuckt, da leien um Sëtz schonn eng Dosen oder 20 Avertissementer”, erzielt d’Buergermeeschtesch weider. Wéi dëst sech dann entwéckelt, wann aus dem Avertissement bis en Protokoll gëtt, kéint een net soen. Fakt ass awer, dass och nach net vill Vignetten ugefrot goufen, obwuel de neie Park-System scho viru sechs Wochen agefouert gouf.
Nëmmen 393 Vignettë goufe vun Awunner ugefrot, dat op ronn 4.000 Residenten an der Gemeng Conter. Also ronn all 10. Bierger huet bis ewell eng Vignette. Dobäi kommen nach 10 Vignette, déi an d’Kategorië “Professionell”, “Provisoresch” oder “Visiteur” falen. Dozou muss een awer soen, dass nëmmen déi Residenten eng Vignette kréie kënnen, déi an engem Secteur wunnen, wou d’Vignette noutwenneg ass. Et wier awer gutt méiglech, dass nach eng Partie Vignetten dobäi kommen, soubal d’Parken ouni Vignette op den entspriechende Plazen da bis protokolléiert gëtt.