
Zanter e puer Deeg ginn et immens vill falsch Appeller op den 112. Hannergrond wier en Update vun Android-Handyen, deen et méi einfach mécht, d’Noutruffnummer 112 unzeruffen. Doduerch hätten awer och ganz vill Leit ongewollt do ugeruff, heescht et en Donneschdeg vum CGDIS. D’Zuel vun dëse falschen Appelle wier ëm ganzer 30 Prozent an d’Luucht gaangen.
De Probleem géif eng ganz Partie Länner concernéieren an e weideren Update géif dësen och léisen. Deemno den Appell vum CGDIS un Android-Utilisateuren, och dës lescht Mise à jour op hirem Handy ze maachen.