D’Epidemie wier och vill méi intensiv wéi déi Jore virdrun, an dat weisen och d’Zuelen, déi duebel sou héich si wéi zejoert. Virun allem fir kleng Kanner ass de Risk vu Komplikatioune grouss. Vill vun de jonke Patienten a Patientinnen an der Kannerklinik hätte Problemer, Loft ze kréien oder eng Longenentzündung, huet d’Doktesch präziséiert.
Souwuel bei de Better am Spidol wéi och bei de Consultatiounen an an den Urgencen ass ee praktesch un de Limitten ukomm. Et wier wichteg, sech sou gutt et geet ze protegéieren, fir de Virus net ze kréien. Nieft dem Droe vun enger Mask recommandéiert d’Dokter Isabelle de la Fuente weider sech impfen ze loossen. Wisou de Grippevirus dëst Joer sou verbreet ass, kéint een iwwerdeems nach net soen. Ma de Virus mutéiert ganz séier, dofir geet een dovun aus, datt d’Leit och trotz Impfung manner geschützt sinn.
Et wier ee voll am Grippe-Pic, seet de Serge Allard, Kannerdokter a President vun der Societéit vun de Pediateren. Et wier och nach schwéier virauszesoen, wéi laang dee Pic unhält. Déi heefegst Symptomer, déi d’Kanner opweisen, wa se d’Gripp hunn, wiere Kappwéi, héich Féiwer an d’Muskel-Péng. Ronn 5 oder 6 Deeg laang dauert d’Influenza an der Reegel bei de Kanner.
An der Kannerklinik rappelléiert een, datt een a follgende Fäll soll séier bei en Dokter an eng Consultatioun goen:
- Puppelcher vu manner wéi 3 Méint mat Féiwer
- Kleng Patiente mat chronesche Krankheeten oder engem geschwächten Immunsystem, déi Féiwer iwwer 38,5 Grad hunn
- Kanner, déi ongewéinlech blatzeg si respektiv en opfällegen Teint hunn
- Kleng Patienten, déi Problemer mat der Ootmung hunn oder Péng wéinst schlëmmem Houscht
- Kanner, déi näischt iessen oder Zeeche vu Flëssegkeetsverloscht (Dehydratioun) weisen
- An am Fall vun engem Malaise oder komeschem Behuelen