Am LokalenVill lass op eise Stroossen a fir de CGDIS

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, koum et vun e Samschdeg op e Sonndeg zu am Ganze 6 Accidenter. Dräimol hat et gebrannt.
© RTL Archivbild

Géint 20.45 Auer e Samschdeg den Owend ass zu Bigelbaach e Motocyclist gefall, deen dann och blesséiert gouf. Hei waren d’Rettungsekippen aus der Fiels, vu Reisduerf an de Samu vun Ettelbréck op der Plaz.

Kuerz virun 23 Auer hate sech zu Déifferdeng an der Zolwer Strooss zwee Autoen ze pake kritt. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn.

Eng 10 Minutte méi spéit gouf et en Accident mat engem Won an der Montée de Clausen an der Stad. Hei ass kengem eppes geschitt.
E weidere Blesséierte gouf et e Sonndeg de Moien ëm 4.30 Auer um CR325 tëscht Ierpeldeng bei Wolz an Draufelt. Do ass en Auto op d’Kopp gaangen.

Géint 6.15 Auer ass en Auto zu Kënzeg an der Rue de Grass an engem Weier gelant. Wéi et dozou koum, geet net aus dem 112-Bulletin ervir. D’Pompjeeë vu Mamer, Käerjeng, Péiteng a Stengefort waren op der Plaz, souwéi de Rettungsdéngscht vu Mamer.

Um 8.10 Auer krute sech um RN02 tëscht Bous an Aassel zwee Ween ze paken, eng Persoun gouf heibäi blesséiert.

Op dräi Plazen am Land huet et dann nach gebrannt

Zu Iechternach war et géint 18 Auer e Samschdeg eng Poubelle, an der Stad eppes no 1 Auer Offall.

Zu Waasserbëlleg war et iwwerdeems e Sonndeg de Moie kuerz virun 9.30 Auer zu engem Brand op engem Balcon komm. Hei waren d’Pompjeeë vu Mäertert, Iechternach, Konsdref a Mompech op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO