Eng 150 Persounen hate sech e Mëttwoch an der Mëttesstonn op der Place de l’Europe um Kierchbierg afonnt. Si gi sech kämpferesch a solidaresch mat de Leit an der Ukrain.
Giel a Blo, d’Faarwe vum ukrainesche Fändel hu kloer dominéiert. Ma net nëmmen Ukrainer waren op d’Place de l’Europe komm. Och Lëtzebuerger, Litauer, Belarussen, Russen, Inder a Polen ware komm, fir der nëmmen e puer ze nennen. De Wonsch, dee si all deelen, ass, datt de Krich soll ophalen an de President Putin dofir gestoppt soll ginn. E Wonsch, deen och schonn dat klengt Liza vun 8 Joer deelt. Hatt gehéiert zu den éischte Refugiéen, déi aus der Ukrain zu Lëtzebuerg ukomm sinn. Zanter e Méindeg si seng Mamm d’Christina an hatt am Land.
Déi jonk Mamm wéilt, si kéint nach an hirem Heemechtsland hëllefen: Ech wéilt ech wier do, well ech hunn esouvill Saachen doheem, déi ech de Leit kéint ginn. Ech sinn hei sécher a frou, mee ech wéilt wierklech elo do sinn.
Si wëll sech elo hei am Land engagéieren, fir hire Landsleit ze hëllefen. De Lionel huet italienesch Originnen a mengt, datt et misst e méi groussen Opstand vun de Russe ginn.
Vill Russe wësse guer net, datt dee Krich ass. Si gi vu jidderengem belunn. Ech mengen, et gi genuch Russen an der ganzer Welt, déi dorop kënnen opmierksam maachen.
D’Olga kënnt aus Russland a lieft schonn zanter 7 Joer zu Lëtzebuerg: Jo, ech si Russin, mee ech sinn extrem géint de Krich. An ech ënnerstëtzen de russesche Präsident net. An ech schumme mech wierklech fir dat, wat geschitt.
Si hätt vill ukrainesch Frënn, mat deene si elo mat leit. D’Situatioun, déi si wéi d’Christina als Refugié duerchliewen, versteet den Denis nëmmen all ze gutt. Hien ass viru 4 Joer aus Belarus geflücht: Ech sinn e Refugié zu Lëtzebuerg. Ech sinn aus Belarus geflücht, wëll de Lukaschenko-Regime Leit ëmbréngt. Ech sinn haut heihinner komm, well souwuel a Belarus, wéi och an der Ukrain ass eise Problem Russland.
Ma och soss ware vill Leit mat deenen ënnerschiddlechsten Nationalitéite komm.
D’Audrone aus Litauen: Mir si Litauer a kommen eis Solidaritéit mat den Ukrainer weisen.
Agnieszka aus Polen: Polen ass och staark vun der Kris betraff, duerch d’Refugiéen, déi an d’Land kommen. A mir probéieren all, eist Bescht ze maachen.
D’Sandra aus Lëtzebuerg: D’Dirigente musse wëssen, datt d’Leit wierklech dogéint sinn. An dat och weisen.
Tëscht den ënnerschiddlechste Fändelen a Plakater war dann och de Vilmantas aus Litauen ze gesinn, deen zanter 15 Joer zu Lëtzebuerg lieft. Viru sech e grousse Lëtzebuerger Fändel, deen hien dofir extra kaaft huet: Ech hu Lëtzebuerg gären, als demokratesch a schéi Plaz. An ech wéilt, datt d’Ukrain och eng änlech Plaz fir d’Ukrainer ka sinn.
All Land sollt fir de Fridden astoen, an dat och weisen. Eng Demo ass dann e schéine Gest, dee Solidaritéit weist, mee mat dëser eleng ass de President Putin net ze stoppen, dat wëssen och d’Leit op der Plaz. De Viktor Holedonets, deen d’Demo mat organiséiert huet: Menger Meenung no mussen d’Sanktioune verstäerkt ginn, op e Maximum. An de Loftraum iwwer der Ukrain gespaart.
De Loftraum iwwert der Ukrain ze spären, ass dann eng vun den Haaptfuerderunge vun de Manifestanten. An d’Militär mat Waffen ze ënnerstëtzen, souwéi humanitär Hëllef fir d’Ukrainer. Wëll ouni déi géing den Ament näischt méi goen.